
ProActif ass eng Beschäftegungsinitiativ, déi virun iwwer 25 Joer gegrënnt gouf, fir Leit mat diverse Problemer op den éischten Aarbechtsmaart ze kréien. ProActif gëtt via seng geleeschten Aarbecht finanzéiert awer och via ee Co-Finanzement vun der Regierung.
Et geet ëm soziaalt a berufflecht Nees-Aglidderen an och ëm Formation continue. D’Aktivitéite gi vu Gaardenaarbecht, iwwer Botzaarbecht, bis bei d’Schräinerei. Et gëtt elo awer zënter e puer Wochen een décke B-mol.
Déi luewenswäert Ziler sti ferm am Schied vun engem flagrante Sträit ëm de François Georges, den Direkter vu ProActif. Dee gouf entlooss an de Licenciement war och um Référé net réckgängeg gemaach ginn. Ee vun den Hannergrënn beim Klinsch ass, dass ProActif no iwwer zwee Joerzéngten net méi als ASBL, mä als Société d’impact sociétal funktionéiert. Esou eng SIS, anescht wéi eng ASBL, ass ee Modell, dee Sue soll generéieren. Net fir renge Benefice ze maachen, mä fir dat Geld nees fir Aktivitéiten am Déngscht vu Gesellschaft an Nohaltegkeet anzesetzen. An et ass wéi sou dacks wann et ëm dat léift Geld geet. Et gouf décke Knaatsch. Awer net just wéinst der Gouvernance, ma och wéinst dem Behuelen vum entloossenen Direkter.
Héichpunkt war eng Meenungsverschiddenheet tëscht dem Direkter Georges an dem President Conter. Et heescht de François Georges wier, no Kritik u senger Gouvernance, drop an dru gewiescht, physesch aggressiv ze ginn, wann net eng aner Persoun aus der Direktioun agegraff hätt. Eng Versioun, déi och duerch Erklärungen ënner Eed confirméiert ass. Do steet ënnert anerem, dass den Direkter Georges nach weider gejaut huet, wéi de President Conter de Raum scho verlooss hat a carrement net méi Här iwwer sech selwer war. Et hätt een hien net méi zur Raison kritt.
Den Här Georges soll am Abrëll 2021 eng Gewerkschaftssekretärin a Presenz vum LCGB-Generalsekretär esou vernannt hunn, dass een et an de Büroen op de Stäck driwwer an drënner héieren huet. Den Direkter soll och d’Dier esou geklaakt hunn, dass d’Maueren op de Stäck driwwer gewackelt hunn.
Schro sinn dann rassistesch, auslännerfeindlech oder nach ofwäertend Aussoen vum Direkter Georges iwwert virun allem franséisch Frontalieren, Leit mat afrikaneschen Originnen oder Persounen mat engem Handicap. Och dovunner hu mer eedestaatlech Attestatiounen, op déi mer deemnächst zréckkommen.
Weider Reprochë riichte sech géint dem deemolegen Direkter säin Ëmgang mat de Suen an den Depassement vum Budget, ouni déi néideg Kontroll via d’Ënnerschrëft vun enger zweeter habilitéierter Persoun. Da kënnt och nach d’Strapazéiere vun der Tank-Kaart vu ProActif, mat där de François Georges de Plein fir privat Autoen an och ee Motorrad gemaach soll hunn. Derbäi Roamingfraise vun iwwer 5.000 Euro, de Gros fir Streaming wärend dem Congé.
Da gëtt et och den dokumentéierte Reproche, dass et Usus war, dass de François Georges als Direkter moies ganz dacks eréischt tëscht 10 an 11 Auer op de Büro komm ass. Op den Detail vun deenen Dokumenter komme mir wéi gesot an engem nächste Reportage zréck. De François Georges krut um Enn gekënnegt.
Den Aarbechtsminister Georges Mischo gouf iwwer de ganzen Zodi an d’Bild gesat.