
Elo goufen d’Reprochë géint de fréieren Direkter vu Proactif duerch Erklärungen ënner Eed ënnermauert.
Ugefaange mam Reproche, dass den Ex-Direkter vu Proactif bei engem Sträitgespréich a Presenz vu 4 Leit aus der Direktiounsetage d’Fassung verluer hätt an esou ausser sech war, dass hien ëm een Hoer un de President gaange wier, wann net eng Persoun dertëscht gaange wier.
Do ginn et wéi gesot Attestations testimoniales, dass dat esou gewiescht wier an dass den Ex-Direkter déi Deeg drop bei deene Leit intervenéiert hätt, dass si hien net als - Zitat - “Violenten” duerstellen, respektiv, dass si keng “opgedonsten Aussoe maachen”. Dat wier “geféierlech”.
Nach méi delikat sinn d’Reprochë wéinst xenophoben, homophoben, respektiv rassisteschen Aussoe vum fréieren Direkter. Och do ginn et Erklärungen ënner Eed. Rieds geet vu Wierder, déi politesch definitiv net korrekt sinn. Iwwer Leit mat afrikaneschen Originnen aus der Botzekipp, wier dat ominéist N-Wuert gefall, gekoppelt un een ofwäertend Adjektiv, dat géint Homosexualitéit geriicht war. Och Leit mat arabeschen Originne schéinen net vum Ex-Direkter appreciéiert gewiescht sinn. Zitat: “Ech traue kengem vun deenen.”
Den Term “Heckefransous” war do scho bal salonsfäeg. Och soss ginn d’Attestatiounen an d’Richtung, dass den Ex-Direkter et ferm op de Fransousen an iwwerhaapt op Frankräich sëtzen hat. Hannergrond kéint do sinn, dass hie bei kommerziellen Aktivitéiten an d’Viséier vun der franséischer Justiz gerode war.
Hefteg ass och d’Ausso ënner Eed, dass den entloossen Direkter vu Proactif a Presenz vum Aarbechtsminister Mischo ofwäertend Sätz iwwer Persoune mat Handicap soll gemaach hunn. Sënngeméiss hätt hien de 25. Januar dëst Joer gesot, dass Leit mat engem Handicap net kéinten zur Produktivitéit vu Proactif bäidroen.
De President vun der Beschäftegungsinitiativ hätt mussen intervenéieren, fir den Ex-Direkter ze bremsen an dem Minister ze versécheren. dass dee Saz net de Standpunkt vu Proactif wier, wou ee frou wier, dass och Leit mat Handicap zum Succès vum Betrib bäidroen.