Staatsvisitt an der BelschOffiziellen Empfang um Gebuertsdag vum Grand-Duc

Diana Hoffmann
De Grand-Duc féiert haut net just säin 69. Gebuertsdag, mee ass och mat der Grand-Duchesse op Staatsvisitt bei sengem Cousin, dem belsche Kinnek Philippe.
1. Dag vun der Staatsvisitt an der Belsch
Offiziellen Empfang um Gebuertsdag vum Grand-Duc

D’Wieder um offiziellen Empfang en Dënschden de Moie war stiermesch an naass. De rouden Teppech war dofir um Buedem festgeneelt ginn. Eng gutt 50 Leit wäerte bei de Palais Royal op d’Place des Palais zu Bréissel komm sinn, fir hire Kinnek ze gesinn, an de Grand-Duc wëllkomm ze heeschen. Ee Spectateur huet, op d’Wieder ugeschwat, gemengt, et wier ee jo net aus Zocker. En aneren hat e klenge Lëtzebuerger Fändel ugespéngelt. Hie wier e Royalist, huet hie gesot. Der Grand-Duchesse hat hien e selwergemoolte Bild vun hir matbruecht, wat en hir wollt ginn. Leider hat hie keng Chance dofir kritt. Aner déi um Bord vun der Ofspärung stounge soten dann se wieren Touristen, a vun der Musek ugezu ginn.

D’Diana Hoffmann - Live vu Bréissel

Um 10.30 Auer dunn, huet d’Cavallerie d’Arrivée vum Grand-Duc an der Grand-Duchesse annoncéiert. Déi kinneklech Koppel hu si schonn um rouden Teppech erwaart. Wéi wann et e Gebuertsdagscadeau gewiescht wier, huet de Reen deen Ament nogelooss. Sou konnten déi groussherzoglech an déi kinneklech Koppel dréchen iwwert den Teppech spadséieren. No der Begréissung vun den Truppen, goung et dunn an de Palais, wou d’Delegatioune begréisst goufen. Fir Lëtzebuerg sinn ënner anerem de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel mat dobäi, de Finanzminister Gilles Roth, de Wirtschaftsminister Lex Delles an d’Defenseministesch Yuriko Backes.

No der Begréissung goung et nees eraus an de Reen an de Stuerm. Net schlecht hunn d’Minister an déi Offiziell misse mat hire Prabbelie géint de Wand ukämpfen um Wee bei d’Graf vum onbekannten Zaldot. Hei gouf de gefalene belschen Zaldoten aus dem 2. Weltkrich geduecht, a vum Grand-Duc a senger Fra eng Gerbe néiergeluecht. Weider goung et dunn an d’Parlament, wou et no engem Austausch mat de belsche Politiker eng Visitt vum Senat an der Chamber gouf. Dono stoung en Iessen am Palais mam Kinnek an der Kinnigin um Ordre du Jour.

Eng weider Visitt am Laf vum Dag ass dann déi vun der Gemeng. Fir déi Lëtzebuerger Minister stinn och nach bilateral Gespréicher am Palais d’Egmont um Programm. Ausklénge wäert den éischten Dag dann am Château de Laeken.

Dräi Deeg laang ass de Grand-Duc op Staatsvisitt beim Kinnek Philippe an der Belsch. Mat dobäi sinn den Ausseminister Xavier Bettel, de Wirtschaftsminister Lex Delles an d’Defenseministesch Yuriko Backes. Elleng d’Wirtschaftsdelegatioun, déi matreest, besteet aus 171 Leit, déi 125 Entreprisë representéieren.

Knapp 5 Joer ass et hier, dass déi belsch Kinnekskoppel fir d’lescht op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg war. D’Visitt an der Belsch dëst Joer ass axéiert op d’Wirtschaftsbezéiungen tëscht den 2 Länner, nohalteg Energien, Circulaire Ekonomie mat och engem Fokus och op déi militäresch Zesummenaarbecht am Beräich vun der Sécherheet an der Defense aus dem Weltraum.

Nom offiziellen Empfang um éischten Dag, wou sech ënner anerem mat belsche Politiker ausgetosch gëtt, steet den 2. Dag en ekonomesche Forum um Programm vun der Staatsvisitt, wou et ëm Sujete wéi d’Defense an d’Cybersécherheet, Gesondheetstechnologien, erneierbar Energien an nohaltegen Tourismus geet. De leschten Dag steet dann ënner anerem d’Visitt vun der Militärbase Melsbroeck un, wou och de Lëtzebuerger Transportfliger A400M an déi binational Flott integréiert ass, ier et en Donneschdeg am Nomëtten dann nees zréck op Lëtzebuerg geet.

En Dënschdeg huet de Grand-Duc säin 69. Gebuertsdag iwweregens zesumme mam belsche Kinnek Philippe gefeiert, dee um Méindeg 64 Joer krut. Och de Prënz Sébastien huet en Dënschdeg Gebuertsdag gefeiert. D’Lëtzebuerger Studenten zu Bréissel hunn sech d’Geleeënheet net huele gelooss, dem Grand-Duc op der Grande Place ee Ständchen ze bréngen.

E Gebuertsdagsständche vun de Lëtzebuerger Studenten zu Bréissel
Op der Grande Place krut de Grand-Duc gewënscht.

Back to Top
CIM LOGO