
Bei der CMCM, der gréisster Mutuelle am Land, goung et déi lescht Wochen a Méint drënner an driwwer. Dat goung vun hefteger Kritik um Generaldirekter bis d’Revocatioun vum André Heinen als President vum Verwaltungsrot duerch eng Ekipp vun 8 Administrateure mat un hirer Spëtzt dem neie President Gilbert Goergen.
Am Virfeld vun der Assemblée générale extraordinaire gëtt et neit Informatiounsmaterial: Ee Video, dee virun e puer Deeg opgeholl gouf an an deem sech d’Ekipp Goergen erkläert. De Gilbert Goergen ënnersträicht virop, dass hie kuerz no senger Arrivée am Conseil vun der CMCM virun annerhallwem Joer gesinn huet, dass et Problemer ginn.
Net just an de Relatiounen tëscht dem Generaldirekter Secchi an dem Personal, mä och um Niveau vun der Gouvernance am Verwaltungsrot, wou et eng Retizenz vum deemolege President André Heinen géint Ännerunge gouf, déi awer fir ee gudde Fonctionnement néideg wieren.
Och den neie Generalsekretär vum Conseil Yves Scharlé huet betount, dass d’Ära Heinen eng One-Man-Show gewiescht wier, begleet vu kompletter Intransparenz a wéineg Informatiounsfloss.
An engems gouf nach emol d’Hand iwwer den ëmstriddene Generaldirekter gehalen. Do géif et sou ze soe just ëm Symptomer goen an net ëm d’Ursaach. Déi wier um Niveau vun der Gouvernance an enger besserer Planung am Betrib.
Fir den neie President Goergen soll een elo no vir kucken: “Et ass schued, dass et net méi ëm d’Saach geet, an ech mengen et gëtt héich Zäit, dass d’CMCM ee Conseil huet, dee sech aner Gedanke mécht an zwar ëm d’Zukunft vun der CMCM an net nëmmen iwwer eng Direktioun diskutéiert a wien, wat ze soen huet. Ech mengen schonn, dass et dem Conseil d’Administration op de Schëllere läit ze kucken, dass dee Betrib erëm dohinner gefouert gëtt, wou e war.”
Nächst Etapp hätt am Virfeld vun der Assemblée um Donneschdeg sollen ee weideren Ulaf um Référé sinn an der Fro, ob d’Revocatioun vum André Heinen als President valabel ass. Eisen Informatiounen no wëll den Affekot vu béide Säiten ee weidere Report vum Référé froen.
Wann et da sollt een Accord an der Assemblée an der Fro vum President ginn, da wier dee Référé souwisou hifälleg.
No der Publikatioun vun dësem Artikel an och dem Video huet sech d’Personaldelegatioun vun der CMCM vun den Aussoe vun der Ekipp Goergen an deem Video distanzéiert a sech nach emol hannert de revoquéierte President Heinen gestallt.
Chers Mutualistes,
La délégation du personnel de la CMCM se voit obligée de prendre à nouveau position à la suite de l’envoi d’une vidéo aux mutuelles le 16 avril 2024 par huit membres du conseil d’administration de la CMCM.
La délégation du personnel de la CMCM avait informé les MM. Heinen et Goergen lors de la réunion du 11 avril 2024 que toute fausse information de la part du CA ferait l’objet d’une rectification de la part de la délégation.
Les déclarations de Monsieur Yves Scharlé ne correspondent pas à la vérité. Monsieur Yves Scharlé cite des problèmes entre les salariés et la direction. Nous voulons préciser que les problèmes ne concernent pas toute la direction mais uniquement le directeur général. Monsieur Yves Scharlé semble avoir oublié que le déclencheur pour les problèmes de gouvernance a été la lettre des salariés du 1er mai 2022. Les deux problématiques Gouvernance/directeur général sont bien liées entre elles et la problématique du directeur général ne sert en aucun cas à détourner l’attention du problème de la gouvernance.
Monsieur Fischer ne semble pas encore avoir compris que les entretiens entre les salariés et Monsieur Heinen ont eu lieu entre février et mars 2022 alors que la lettre des salariés a été rédigée que le 1er mai 2022. Comment peut-il encore affirmer que Monsieur Heinen n’a vu que les signataires ? Dans notre circulaire du 10 avril 2024 nous avons bien précisé que les entretiens ont eu lieu qu’en présence de Monsieur Heinen et cela à la demande expresse des salariés. Monsieur Heinen a bien proposé de se faire accompagner par un autre membre du bureau exécutif, ce qui a été catégoriquement refusé par les salariés.
Nous espérons pourvoir retrouver une ambiance de travail normale après l’AGEX du 18 avril 2024.
La délégation du personnel de la CMCM
Luxembourg, le 17 avril 2024