CMCM - Conseil gouf revoquéiertNeiwale bei der nächster ordinärer Assemblée am Juni

RTL Lëtzebuerg
Et gouf eng Tëscheléisung op der ausseruerdentlecher Generalversammlung vun der CMCM fonnt.
CMCM: Live-Interventioun vun der ausseruerdentlecher Generalversammlung
De Serge Pauly hat den André Heinen an de Gilbert Goergen am Interview.

E kommissaresche Conseil ouni Presidence soll bis déi nächst ordinär Assemblée am Juni d’Leedung iwwerhuelen.
D’Press konnt net un dëser Generalversammlung deelhuelen. Persounen, déi am Sall waren, soten de Journalisten op der Plaz, dass et éischter roueg ofgelaf ass.

AG CMCM/Reportag Jean-Marc Sturm

Den Interêt un dëser ausseruerdentlecher AG wier grouss gewiescht, scho viru 17 Auer wieren éischt Delegéiert op der Plaz gewiescht. D’Versammlung ass géint 18 Auer ugaangen an huet ronn 90 Minutte gedauert.

Den André Heinen gouf am Februar dëst Joer als President ofgesat, um Mikro vum Serge Pauly huet hien erkläert, wat een elo an der Assemblée decidéiert huet:

“De Gilbert Georgen an ech, mir hunn eis am Virfeld den Owend zesummegesat gehat, fir mat enger Propos ze kommen, fir dass mer net iwwer Kampfofstëmmung ginn, kee Sträit am Sall kréien. An déi sollt dohinner goen, dass mer am Fong zu zwee géifen zesumme presidéiere bis zum Juni. Bis zu der nächster Generalversammlung an do da Walen ofhalen. Finalement ass dunn dat Ganzt awer e bësse geännert ginn. Et ass esou komm, dass d’AG decidéiert huet de ganze Comité, wéi en de Moment do ass, déi 12 Leit revoquéiert ginn, dat heescht déi mussen zrécktrieden, datt se awer kommissaresch am Amt bleiwe bis de Juni.”

Bis Juni soll déi aktuell Ekipp am Conseil Propositioune fir Statutenännerungen an och fir strukturell Changementer bei der Direktioun ausschaffen, iwwert déi dann am Juni ofgestëmmt gëtt. Deen Ament soll och een neie Conseil, mat och nees engem President, gewielt ginn.

De Gilbert Georgen seet op Nofro, dass ee sech déi zwee lescht Méint hätt kënne spueren.

Iwwert de Generaldirekter wier op der Assemblée net geschwat ginn, esou den André Heinen. Medial stoung an de leschte Woche vill d’Pai vum Generaldirekter vun der CMCM an de Schlagzeilen.

André Heinen: “Déi ass vum deemolege Verwaltungsrot festgeluecht ginn, dat stoung och ni zur Diskussioun, ob dat richteg oder falsch wier. Dass verschidden Zousaz-Saachen net esou gelaf sinn, wéi mir eis et virstellen, dat hu mer regulariséiert. Dat huet u sech och guer näischt méi dobausse verluer gehat, well dat ass schonn op den 1. Januar 2022 geännert ginn, dofir war dat fir ons alles ok.”

CMCM: Pressekonferenz vum André Heinen a Gilbert Goergen
Den André Heinen an de Gilbert Goergen hunn Erklärunge ginn.

Bei der Diskussioun ëm déi nei Direktiounsstruktur soll et ëm d’Saach goen an net ëm Persounen.

Am Raum steet weiderhin d’Fro, wat de Parquet mécht no der Denonciatioun vum Sozialministère wéinst Abus. Do steet de Generaldirekter Fabio Secci am Viséier mat der CMCM als Affer.

Back to Top
CIM LOGO