
D’Gewerkschaften OGBL an LCGB goufen eegenen Aussoen no en Dënschdeg vun der Direktioun iwwert d’Pläng informéiert a soe sech schockéiert iwwert déi Entscheedung. Et hätt een nach virun e puer Wochen en neie Plan de maintien dans l’emploi ausgeschafft an et wier bis elo keng Rieds iwwer Entloossunge gewiescht.
D’Syndikater wéilten alles drusetzen, fir e brutale Sozialofbau ze verhënneren, heescht et de Mëttwoch de Moien an engem gemeinsame Communiqué. Den Ament schaffen nach 562 Leit zu Lenzweiler. Eng éischt Reunioun mat der Direktioun ass fir e Méindeg ugesat. OGBL an LCGB betounen, si géife just dohinner goen, wa se virdru vum Aarbechtsminister Georges Mischo gesi ginn.
“Mir wëllen do och wësse vum Minister, ob hien do scho virdru Kenntnisser hat. Menger Meenung no net, well soss hätt hien de Plan de Maintien dans l’Emploi jo net homologéiert. An da froe mir natierlech och d’Ënnerstëtzung vum Minister an deem Dossier do, well et kann net sinn, dass elo erëm 126 Leit sollen äiskal op d’Strooss entlooss ginn.”, seet den Alain Rolling, Zentralsekretär beim OGBL.
Dat besonnesch, well hei de Risk géif bestoen, datt et sech ëm eeler Salariéen handelt, déi schwéier nees ze placéiere sinn. D’Direktioun vun Tarkett wëll den 29. Abrëll mat de Gewerkschaften iwwer ee Sozialplang schwätzen.
D‘Gewerkschaften kommen um Donneschdeg mam Aarbechtsminister Georges Mischo zesummen. Rieds geet vun 126 Aarbechtsplazen um Site zu Clierf, déi solle suppriméiert ginn. Den Aarbechtsminister huet wëlles, no der Reunioun mat de Gewerkschaften, bei der Direktioun vun Tarkett z‘intervenéieren, an dofir ze suergen, dass esou vill wéi méiglech Aarbechtsplaze gerett ginn. Dat schreift hien a sengen Äntwerten op eng dréngend parlamentaresch Froe vun der LSAP an déi Lénk.