Virfall an der StadFra stierft op der Paräisser Plaz

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police confirméiert, kann eng Friemawierkung ausgeschloss ginn.

E Méindeg de Moie goufe Samu a CGDIS op d’Paräisser Plaz geruff, well et enger Fra hei net gutt goung. Wéi et heescht, soll d’Persoun kuerz drop verscheet sinn.

D’Police gouf kuerz drop geruff a si konnt eng Friemawierkung relativ séier ausschléissen. Säitens dem Parquet gouf awer trotzdeem eng Autopsie an d’Weeër geleet, fir déi genee Ëmstänn ze klären.

Back to Top
CIM LOGO