
En Dënschdeg de Moie war eng Persoun dout fonnt ginn, déi am Haff bei enger Crèche louch. Éischten Informatioune vun der Police no kann eng Friemawierkung ausgeschloss ginn.
D’Police war géint 7.25 Auer kontaktéiert ginn, hunn déi Responsabel vun der Crèche géintiwwer RTL confirméiert. Wat genee geschitt ass, ass zu dësem Ament nach net gewosst. Eng Enquête soll déi genee Ëmstänn klären
Wéi et heescht, hat d’Crèche ëm déi gewinnten Zäit um 6.30 Auer opgemaach. Kuerz drop hätt d’Personal vun der Crèche de Kierper vun der Persoun entdeckt, deen do schonn am Haff louch. D’Eltere goufe kontaktéiert, déi hir Kanner direkt hunn nees misse siche kommen. Duerch den Asaz war et net méiglech, d’Kanner weiderhin ze betreien.
D’Crèche bleift de Moment op, bis dass all d’Kanner konnte recuperéiert ginn.
Kanner a Jugendlecher kënne sech um Kanner- a Jugendtelefon um Nummer 116111 mellen. Donieft ginn et mam CePAS och Ulafstellen an de Schoulen a Lycéeën.
Erwuessener kënnen op den Nummer 45 45 45 vun SOS Détresse uruffen.
Hëllef kritt een am Fall vu Mobbing och bei der Mobbing asbl.
En Iwwerbléck op all d’Ulafstellen, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, fënnt een um Internetsite: www.prevention-suicide.lu
Wann ee selwer am Fall ass, kann ee sech och zu all Moment bei der Police mellen.