Dat war och dëst Joer net anescht. Den LCGB hat op en Neits op säi Familljefest zu Réimech invitéiert. A senger Ried ass de President Patrick Dury esouwuel op d’Europawalen, wéi och op déi rezent Diskussioune ronderëm de Lëtzebuerger Pensiounssystem agaangen.
Europa braucht keng Demagogen, Populisten oder Rietsextremer, mee Engagement an Zesummenhalt, esou den LCGB-President Patrick Dury. Et sollt een deene Parteien, déi sech net zu engem gemeinsamen a sozialen Europa bekennen, keng Stëmm ginn. An hien huet och déi aner Parteie dofir gewarnt, Populismus a Rietsextremismus duerch d’Hannerdier salonsfäeg ze maachen. Wat Lëtzebuerg ubelaangt, ass de Patrick Dury ënnert anerem op d’Diskussioun ronderëm d’Ofsécherung vum Pensiounssystem agaangen an do eng kloer rout Linn gezunn.
“Den LCGB refuséiert kategoresch, datt eise Rentesystem, deen op Solidaritéit baséiert, futtigeschloe gëtt, well en duerch eng Grondrent mat Pensions complémentaires soll ersat ginn. Pensions complémentaires ka sech nach laang net all Mënsch leeschten an d’Employéen aus der Siderurgie hu gemierkt, wat Versprieche vum Betrib a wirtschaftlech schwéieren Zäite wäert sinn. Nämlech näischt, guer näischt!”
Zudeem misst d’Mindestrent substantiell eropgesat ginn, fir een dezent Liewen am Alter ze erméiglechen. An deem Dossier wéilt een enk mat deenen aneren national representative Gewerkschaften zesummeschaffen. Et géing nämlech d’Gefor bestoen, datt de Gruef tëscht dem Privatsecteur an der Fonction publique nach méi grouss gëtt. Un de Propose vun de Patronen huet de Patrick Dury iwwerdeems kee gutt Hoer gelooss.
“Wann een dann och nach weess, datt d’UEL an der Rentendiskussioun extrem Iwwerleeungen op den Dësch leet, déi d’Rente quasi ëm d’Hallschent géife kierzen, an ee reegelrecht Trommelfeier, bal eng Gehierwäsch am Public inzenéiert gëtt, fir eise Rentesystem a Fro ze stellen. Wann een all dat zur Kenntnis hëlt, dann drängt sech eng Conclusioun kloer op: Nämlech déi, datt eise Sozialmodell vun den Employeure ferm a Fro gestallt gëtt.”
Fir deem entgéintzewierken, bräicht et eng Tripartite, déi innovativ Léisunge proposéiert an an där de Wëllen zum Kompromëss besteet. Anescht kéint et kee soziale Fridde ginn.