Op Initiativ vun de PiratenSträit ëm Bewäertungssystem bei Staatsbeamten an Arméi war Sujet an der Chamber

Jean-Marc Sturm
De Sujet hat et an d'Chamber gepackt an zwar op Initiativ vun de Piraten, déi der CSV reprochéieren, hir Meenung no de Wale geännert ze hunn.
© RTL Archiv

Bewäertungssystem bei Staatsbeamten an Arméi - Rep. Jean-Marc Sturm

D’Ofschafe vum Bewäertungssystem an der Fonction publique allgemeng mat awer enger separater Bewäertung bei der Arméi hat déi lescht Deeg fir en oppene Sträit tëscht der CGFP an dem zoustännege Minister Serge Wilmes gesuergt.

De Sujet hat et an d’Chamber gepackt an zwar op Initiativ vun de Piraten. Si reprochéieren der CSV, hir Meenung no de Wale geännert ze hunn. Et gëtt kee Vertragsbroch, sot den CSV-Deputéierte Maurice Bauer. D’CSV wier weider géint d’Bewäerten an der Fonction publique. D’Arméi wier awer spezifesch.

Dat huet och de Gusty Graas vun der DP ënnerstrach mam Rappell: ”...virun allem, wann een op Auslandsasätz kuckt, dann ass et wichteg, dass Leit déi Formatioun hunn, déi Bewäertung, déi se musse matbréngen, fir apte ze sinn, fir kënnen un esou Asätz deelzehuelen.”

D’Liz Braz sot, d’LSAP géif weider riicht do stoen a fir eng Evaluatioun bei der Arméi bleiwen: “Esou eng Evaluatioun hëlleft, fir déi richteg Leit op déi richteg Positiounen ze setzen. An dat an engem Beräich, wou et dann awer, wann et haart op haart kënnt, och emol ëm Liewen an Doud ka goen.”

Och déi Gréng mengen, dass ee Bewäertungssystem bei der Arméi weider Sënn mécht an och néideg ass. Et wier och eng Fro vun der Credibilitéit vun eiser Arméi. Dat sot och d’Arméisministesch Yuriko Backes.

Ofschafe vum Bewäertungssystem an der Fonction publique Thema an der Chamber
Dëst op Initiativ vun de Piraten, déi der CSV reprochéieren, hir Meenung no de Wale geännert ze hunn.

De Minister vun der Fonction publique Serge Wilmes huet drop higewisen, dass ee vill Gespréicher mat der CGFP hat a weider fir Gespréicher bereet ass an dat geet wäit iwwert de Volet, bewäerte bei der Arméi eraus: "...also mir hu genuch Reformen, déi mer wëlle maachen am Interêt vun eise Mataarbechter beim Staat, déi derwäert sinn, dass mer zesummen diskutéieren, konstruktiv, sachlech a partnerschaftlech. An dofir steet der Regierung hir Dier grouss op...”.

Seng Partei hätt och kee Problem dermadder, zouzeginn, dass se elo am Dossier Bewäertungssystemer een anere Wëssensstand huet, wéi nach virun de Walen.

Back to Top
CIM LOGO