Den ëffentlechen Transport fir Leit mat enger Behënnerung leeft net esou, wéi d'Notzer sech dat géife wënschen.

Dat confirméieren elo och d'Resultater vun engem Sondage, deen Info-Handicap duerchgefouert huet. Déi zoustänneg Ministesch huet scho Verbesserungen annoncéiert.

Info-Handicap verëffentlecht Resultater vun Adapto-Sondage: Rep. Fanny Kinsch

Méi wéi Dräivéierel vun den 200 Leit, déi bei der Info-Handicap-Ëmfro matgemaach hunn, hate scho Problemer fir den Adapto ze buchen. Iwwer 70 Prozent hate scho Problemer, wärend enger Faart a ronn 80 Prozent si wéinst dem Service ze spéit komm. Dysfonctionnementer, déi u sech net onbekannt waren, esou d'Direktesch vun Info-Handicap Christine Zimmer.

"Fir eis ass et ganz kloer, dass mer elo einfach och eng Partie Zuelen op deene Problemer hunn, déi och schonn ugeschwat gi sinn, an dass et einfach keng Eenzelfäll sinn an dass et leider ëmmer erëm zu Problemer kënnt an dass mer déi elo Mol eng Kéier chiffréiert hunn."

Déi Responsabel vun Info-Handicap haten e Méindeg eng Entrevue mat der zoustänneger DP-Ministesch Yuriko Backes, fir d'Resultater vun der Enquête an hir Revendicatioune virzedroen. Gefuerdert gëtt ënnert anerem en Audit vum Service, eng Opwäertung vun der Karriär vun de Chaufferen an eng besser Prise en Charge bei Problemer. D'Handy-Applikatioun misst och méi barrièrefräi ginn.

"Do huet d'Ekipp vun der Madamm Backes eis awer och scho gëschter matgedeelt, dass bis Mëtt Mee eng Partie Aktualiséierungen an der App gemaach ginn, notamment fir Leit, déi net gutt gesinn, dass de Chauffer eng Vue op säin Dagesplang huet, fir eeben och ze gesinn, fir an Zukunft ze vermeiden, dass vläicht verschidde Faarten net esou gutt geplangt sinn. Also dat si Saachen, déi mer gëschter schonn zougeséchert kruten."

Donieft hätt d'Ministesch annoncéiert, datt kuerzfristeg Personal an der Telefonszentral bäikënnt. Dat confirméiert d'Verwaltung vum Ëffentlechen Transport an engem Communiqué um Dënschdeg de Moien. Dora gëtt iwwerdeems e weidere Sondage ugekënnegt, bei deem Adapto-Notzer vun dëser Woch un hir Meenung kënnen ausdrécken.

Info-Handicap hat hir Ëmfro iwwert hir 58 Membere verdeelt, iwwert eng Newsletter an iwwert e Post op Facebook. 197 Persounen hu matgemaach. 66 % vun de Leit hunn uginn, Faarte mam Adapto iwwer Telefon ze buchen, 59 % benotzen d'App.