4 Motorradsaccidenter bannent enger Stonn

E Sonndeg am Nomëtteg gouf et véier Accidenter an déi Motorradsfuerer involvéiert waren a Leit blesséiert goufen.
E Sonndeg war kuerz viru 16 Auer e Motorradsfuerer vu Weiler an Direktioun Pëtschent gefall. Eng Persoun gouf blesséiert. Den Noutdokter an de Rettungshelikopter waren op der Plaz.
Géint 16.15 Auer gouf et um Belval eng Kollisioun tëscht engem Vëlosfuerer an engem Motorrad. Hei notéiert de CGDIS zwee Blesséierter.
An da sinn nach zwee Motocycliste kuerz viru 16.30 Auer gefall. Dat war eng Kéier vu Lëlz an Direktioune Ënsber de Fall an tëscht Allënster a Kéideng. All Kéier gouf eng Persoun blesséiert.
Donieft war de CGDIS och nach zu Bouneweg um Boulevard Kaltreis bei engem Feier an engem Haus am Asaz. Eng Persoun gouf blesséiert an op der Plaz war ënnert anerem de SAMU.
Sechs Accidenter mat 10 Blesséierte vun e Samschdegowend bis e Sonndegmoien
De CGDIS mellt sechs Accidenter, bei deenen 10 Leit blesséiert goufen. Eleng bei engem Accident tëscht zwee Autoen zu Esch si véier Leit verwonnt ginn. Dat war géint 19 Auer e Samschdeg den Owend. An der Nuecht op e Sonndeg ass op der Autobunn op der Héicht vu Keel géint 3.45 Auer en Auto an d'Leitplanke gerannt. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Kuerz no 4 Auer ass e Motocyclist Biergem gefall a verwonnt ginn.
Géint 10.30 Auer e Sonndeg de Moie krut dann zu Rodange en Auto e Motocyclist ze paken. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Ongeféier zu der selwechter Zäit war et Auto géint E-Scooter zu Esch, hei blouf et awer beim Materialschued. An um 10.42 Auer goufe et en Accident op der A1 A Richtung Tréier tëscht dem Tunnel Houwald an der Sortie Sandweiler. Hei ware méi Autoen am Coup an dräi Persoune goufe verwonnt.