Och de SAMU am AsazZwee weider Motorradsaccidenter um Sonndeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de CGDIS schonn am Laf vum Sonndeg 4 Accidenter gemellt huet, an déi Motocyclisten involvéiert waren, koumen der elo nach zwee derbäi.

Géint 17.40 Auer war tëscht Fëlschdref an Elleng e Motocyclist mat senger Maschinn gefall a gouf verwonnt.

Méi uerg war en Accident géint 21.30 Auer zu Leideleng an der Rue Leon Laval. Och hei war e Motocyclist gefall. Wéi de CGDIS schreift, wat hei och de SAMU op d’Plaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO