20 Patrulle mobiliséiertKläpperei zu Déifferdeng léist Groussasaz vun der Police aus

RTL Lëtzebuerg
Géint 4 Auer en Dënschdeg de Moie krut d'Police eng Kläpperei an der Rue Jeannot Kremer zu Déifferdeng gemellt.

Wéi d’Beamten op der Plaz agetraff sinn, hu si e grousse Grupp Mënsche gesinn, déi am Krees stoungen an eng blesséiert Persoun, déi um Buedem louch. D’Polizisten hunn dem Mann doropshi gehollef.

Wärend dem Asaz goufen d’Beamten ëmmer nees verbal aggresséiert. Et ass hinne gelongen, den Auteur vun der Kierperverletzung ze ermëttelen. Wéi si hien opgefuerdert hunn, en Ausweisdokument virzeweisen, huet de Mann sech géigeniwwer de Polizisten äussert aggressiv verhalen. An der Tëschenzäit waren e puer Persounen aus dem Futtballstadion komm an hunn ugefaangen, d’Beamte bei hirer Aarbecht ze stéieren.

Am Endeffekt haten d’Beamten et mat enger 90 bis 100 Persounen ze dinn, déi sech enorm onkooperativ gewisen hunn. E puer Persoune sinn och géigeniwwer de Beamten handgräiflech ginn a goufen doropshin immobiliséiert. Iwwerdeems hu weider Persounen aus dem ieweschte Stack vum Stadion Géigestänn op d’Beamte geheit.

© RTL Grafik

Kuerz nodeems et de Beamte gelonge war, d’Situatioun ze berouegen, ass et dann an engem Café an der Géigend vum Tëschefall zu eng gréisserer Kläpperei komm, soudass e groussen Deel vun de Beamten, déi op der Plaz waren, hu missen agräifen.

Et huet bis 7 Auer moies gedauert, bis déi lescht Persoune sech op den Heemwee gemaach hunn. Am Ganze waren eng 20 Policepatrullen am Asaz.

Et gouf e Rapport iwwert den Tëschefall geschriwwen. Zwou Persoune goufe fir weider Kontrolle mat op de Policekommissariat geholl. Iwwerdeems goufen eng ganz Partie Persoune protokolléiert. Dat ënner anerem wéinst Kierperverletzung, Menacen, Beamtebeleidegung an Urinéieren an der Ëffentlechkeet. Ausserdeem goufen eng Partie Führerschäiner agezunn.

De Parquet gouf iwwert den Asaz informéiert.

Back to Top
CIM LOGO