
E Mëttwoch de Mëtteg huet d’Beetebuerger Gemeng eng zwou Dose Kueben am Park vum Schlass opfonnt. Et geet een dovunner aus, dass d’Déiere wuel vergëft goufen.
An deem Kontext gëtt d’Gemeng dann och eng Partie Recommandatiounen eraus. Virun allem wann een hei mat klenge Kanner ënnerwee ass, soll een extra gutt oppassen. D’Hënn soll een zu all Moment am Park an der Lénkt halen an et soll een evitéieren, fir déi doudeg Kueben oder soss Déieren unzepaken.
Sollten engem ongewéinlech Aktivitéiten opfalen, soll ee sech direkt iwwert den 113 bei der Police mellen. D’Gemeng zu Beetebuerg betount dann och, dass een aktiv d’Ursaach vun den doudege Kuebe wéilt erausfannen, fir sou de Park méi sécher fir d’Leit ze maachen.
Op Nofro beim Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet krute mer matgedeelt, dass och ënnert anerem d’Santé, de Landwirtschaftsministère an d’Police an d’Bild gesat goufen iwwert de Virfall. Esou Fäll mat doudege Kuebe gouf et bis ewell nach net zu Beetebuerg, ma dofir awer schonn op anere Plazen an der Vergaangenheet, wéi beispillsweis zu Déifferdeng oder Zéisseng.
Am Moment wieren déi doudeg Kueben dann och am Labo, fir déi genee Doudesursaach erauszefannen. Eng Vergëftung ass dohier just eng Vermuddung, esou de Laurent Zeimet weider. Hei muss een d’Resultater vum Labo ofwaarden.
Am Park selwer steet dann och en Avertissement, fir d’Leit op de Virfall opmierksam ze maachen. Weider Informatioune kritt een dann nach beim Service écologique, dat um 5180802848.
Och bei der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung hu mer nogefrot a krute confirméiert, dass am Moment eng Autopsie bei den doudegen Déiere géif gemaach ginn. Hei géif virun allem op e méigleche Virus oder eben eng Vergëftung ënnersicht ginn. An den nächste 24 Stonnen dierft gewosst sinn, ob e Virus verantwortlech ass. Fir eng Vergëftung kënnen auszeschléissen oder ze confirméieren, misst een eng 3-4 Deeg ofwaarden, bis een eng Äntwert vum Laboratoire hätt, esou d’Veterinärsverwaltung.
Corvidés mourants et morts dans le parc public à Bettembourg (15.05.2024)
Communiqué par : Administration de la nature et des forêtsEn date du 15 mai 2024, l’Administration de la nature et des forêts a reçu l’information de corvidés mourants, voire morts dans le parc public à Bettembourg.
Des carcasses de corbeaux freux ont été amenées au Laboratoire de médecine vétérinaire, afin de pouvoir constater la cause de cette mortalité accrue. Dépendent des résultats, des échantillons seront transmis au Laboratoire national de santé pour analyse. Les individus malades ou mourants ont été amenés au Centre de soins pour la faune sauvage.
Il est à noter que des cas similaires ont été constatés en 2022 et 2023, pendant la même saison et dans la même région. Ces cas ont donné lieu à des examens pathologiques et des analyses, ainsi qu’à un échange entre l’Administration de la nature et des forêts, l’Administration des services techniques de l’agriculture, l’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire, l’Administration de l’environnement, la Centrale ornithologique et les communes concernées.
Ces examens et analyses ont, les années passées, permis d’écarter des maladies. Aucune substance toxique n’a pu être identifiée, mais la suspicion d’intoxication volontaire ou involontaire a été maintenue.
Dir wëllt Kontakt mat der Redaktioun ophuelen? Hei kënnt Dir Iech mellen: dossier@rtl.lu