CGFP-Entrevue um DonneschdegSträitthema Gehälteraccord gouf nëmme kuerz mam Serge Wilmes diskutéiert

Pierre Jans
D'CGFP huet dem Minister matgedeelt, dass si amgaange wär, eng Propos auszeschaffen, wéi een de Bewäertungssystem bei der Arméi handhabe kéint.
CGFP-Entrevue um Donneschdeg
Sträitthema Gehälteraccord gouf nëmme kuerz mam Serge Wilmes diskutéiert.

De Minister vun der Fonction Publique Serge Wilmes an d’CGFP haten en Donneschdeg de Moien eng Entrevue, bei där nëmme kuerz iwwer d‘Sträitthema Gehälteraccord a méi konkret de Bewäertungssystem bei der Arméi geschwat gouf.

D‘Staatsbeamtegewerkschaft huet dem Minister matgedeelt, dass si amgaange wär, eng Propos auszeschaffen, wéi een dat handhabe kéint.

Rezent hat d’CGFP hir Membere mobiliséiert an der Regierung och reprochéiert, de Gehälteraccord net ze respektéieren. Doran ass virgesinn, dass de Bewäertungssystem am ëffentlechen Déngscht generell ewechfält.

Dem President vun der CGFP Romain Wolff no hätt een elo gär schrëftlech vun der Regierung, dass d‘Arméi déi eenzeg Ausnam ass. Mä wéi gesot, och bei der Arméi hätt d’CGFP gär eng aner Léisung. D’Regierung wär hei net richteg virgaangen, esou de Romain Wolff.

Ob d’Staatsbeamtegewerkschaft effektiv juristesch géint d‘Regierung virgeet, wär iwwerdeems nach net decidéiert.

Virum Summer wëllen d’CGFP an de Minister Wilmes sech nach eemol gesinn.

Back to Top
CIM LOGO