Concernéierter versti Roserei netWann d’Tatta Tom an d’Akerbauschoul kënnt

Claude Zeimetz
Eent ass kloer. Mat senge bloen Hoer, dem Reebou-Make-up, de faarwege Kleeder an dem Hirschgewei fält se op ... d'Kënschtlerfigur Tatta Tom.

E Personnage, deen elo zanter 5 Joer Kanner a Jonke mat senge Liesungen Toleranz a Respekt méi no bréngen a Begrëffer aus der LGBTIQ+ -Welt erkläre wëll.

Eng geplangte Liesung am Juli zejoert an der Escher Bibliothéik hat no engem Opruff vum deemolegen adr-Zentrumskandidat Tom Weidig zu engem reegelrechte Shitstorm op de soziale Medien gefouert an deen Tom Weidig huet sech och elo un Ateliere mat der “Tatta Tom” an der Akerbauschoul gestéiert an d’Leit op en Neits op senger Facebooksäit dozou opgeruff, dem Lycée hir Meenung ze soen. Dat hunn der nawell vill gemaach. Den Tatta Tom wier elo an eise Schoulen a kéint d’Kanner mat senger LGBTIQ+ -Ideologie indoktrinéieren an dat géif och elo nach mat Steiersue bezuelt, sou ee rosenen adr-Deputéierten op senger Facebook-Säit, nodeems de Lycée technique agricole Fotoe vun den Atelieren vum Tom Hecker mat Jonke vun zwou 7ièmes a 6ièmes-Klassen, déi d’lescht Woch scho waren, publizéiert hat. Et wier kloer falsch, datt dës Virliesunge privat an de Choix vun den Eltere wieren, fiert den Tom Weidig virun,

“Gitt op d’Säit vum Lycée a sot är Meenung! Mee w.e.g. maacht et sachlech”, sou säin Appell, deen allerdéngs nëmmen deels Gehéier fënnt.

Verschidde Commentairen kann een definitiv als ënnert dem Rimm a méi wéi grenzwäerteg bewäerten. Grad wéi zejoert scho gëtt sech vu ville Säiten echaufféiert.

D’Tatta Tom ass eng Konschtfigur, déi eegenen Aussoen no de Kanner a Jonken op eng altersgerecht Manéier Geschichten zum Thema “Diversitéit an Toleranz” virliest an duerno op Froen äntwert. D’Roserei an de Widderstand kann den Tom Hecker sech selwer net erklären. D’lescht Joer hätt vläicht de Walkontext mat eragespillt an elo eventuell d’Europawalen. Mä datt Leit sech sou iergere kënnen, kéint hien net verstoen, seet den Tom Hecker am RTL-Interview. Him géif et dach nëmmen drëms goen, fir mat senge Liesungen ze weisen, datt all Mënsch e Recht op hätt, fir z’existéieren an Diversitéit keng Schwächt, mä eng Stäerkt wier.

Änlech äussert sech och den Direkter vum Lycée Technique Agricole. Nach ni wier ee Post vun der Akerbauschoul esou vill kommentéiert ginn ewéi dësen, seet den Direkter Tom Delles, dee kloer hannert sengem Choix steet. Sou Sensibiliséierungsaarbecht géif zum Bildungsoptrag vun der Schoul gehéieren. Leit wéi den Tom Weidig géife sech guer net mat der Thematik auserneesetzen an nëmmen zum Haass opruffen, fënnt den Tom Delles.

Ma ouni deen - den Tom Weidig - wier hien awer net op d’Aarbecht vun der Tatta Tom opmierksam ginn. Dat confirméiert och de Kënschtler selwer. Hie wier zanter dem Summer zejoert sou vill gefrot wéi nach ni.

Hannergrond vun den Atelieren an der Akerbauschoul ass den internationalen Dag géint Homophobie (Internationalen Dag géint Homo-, Trans-, Bi- an Interphobie) de 17. Mee, fir deen een d’Tatta Tom op Gilsdref geruff hat.

Aus Zäitgrënn gouf d’Liesung virgezunn. Um Dag selwer ass Amnesty International am LTA fir ze sensibiliséieren. Datt een d’Elteren hätt missen ëm Erlabnis froen, fir d’Participatioun vun de Kanner, gesäit de Schouldirekter net. Dat hätt een an dësem Fall genee sou wéineg gemaach, wéi bei Visitte vun der Police respektiv Atelieren am Kader vun der “Orange Week” oder dem Weltfraendag, déi reegelméisseg an der Schoul organiséiert ginn. Opklärungsaarbecht iwwer Respekt an Toleranz géif einfach zum Bildungsoptrag vun der Schoul gehéieren. An déi aktuell Haasskommentare géife weisen, wéi wichteg dës Opklärungsaarbecht bleift.

Anescht wéi zejoert am Kontext vun der Escher Bibliothéik hätt een hei och vill positive Feedback kritt, confirméieren allebéid. An och am richtege Liewen, baussent dem Internet, wier den Ëmgang vill méi positiv. Just eng Mamm hätt sech bei him beschwéiert, sou den Direkter.

Den Tom Hecker selwer seet och, datt hien direkt an d’Gesiicht vill manner kritiséiert gëtt. Allerdéngs krut hie wéinst der Tatta Tom zejoert eng Morddreeung per E-mail. Dowéinst leeft den Ament och eng Plainte.

Schrëftlech huet den Tom Weidig sech um Freideg am Nomëtteg gemellt:

“Ech si schockéiert, wéi den Direkter vum Lycée Technique Agricole, den Här Tom Delles, säin „droit de réserve“ als Staatsbeamte flagrant violéiert, am Déngscht politesch Aussoe mécht a mech als gewielte Volleksvertrieder beschëllegt, zum Haass opzeruffen.

Esou Aussoe weisen, datt meng sachlech Kritik de Punkt getraff huet: Hei mécht den Direkter vun enger staatlecher Schoul politeschen Aktivismus a senger Schoul.

An ech ka mir gutt virstellen, datt (wéi den Här Direkter sot) just eng Mamm sech beschwéiert huet, well hie jo direkt jidderengem Haass ënnerstellt.“

Back to Top
CIM LOGO