
10 Chaufferen haten d’Maximalvitess vun 130 ëm méi wéi 25 km/h iwwerschratt. Si kruten eng Strof vun 145 Euro an hunn zwee Punkten op hirem Fürerschäi verluer.
Ee Chauffer huet säi Permis allerdéngs ganz missen ofginn: hie war mat 217 km/h iwwer d’Autobunn gebriedert an dierf fir d’éischt emol guer net méi hannert d’Steier vun engem Gefier. Dräi Chauffere konnten de Beamte bei der Kontroll hire Fürerschäin net weisen an zwee weider Chauffere krute wéinst hirer geféierlecher Fuerweis ee Protokoll.
E weidere Chauffer huet e Méindeg säi Fürerschäin zu Féiz missen ofginn, well hien ze déif an d’Glas gekuckt hat. Der Police gouf moies um Feierdag ee volle Mann gemellt, dee mat enger Matraque ronderëm hantéiert huet, sech duerno hannert d’Steierrad gesat huet a fortgefuer ass. D’Police konnt de Mann kuerz Zäit drop stoppen a kontrolléieren. Nieft der Matraque hunn d’Beamten och nach een Taser saiséiert. Et gouf ee Protokoll erstallt a wéinst dem ze héijen Alkoholwäert huet de Mann och nach misse säi Fürerschäin ofginn.
An der Nuecht op en Dënschdeg ass eng Patrull zu Esch iwwerdeems op ee geparkten Auto opmierksam ginn, deem säi Moto gelaf ass Bei der Kontroll vun de Leit am Auto gouf Cannabis séchergestallt, esou datt déi zwee fir weider Kontrolle mat op de Policebüro geholl goufen. Eng Fouille huet gewisen, datt ee vun de Männer iwwerdeems och nach eng Kugel Amphetamin bei sech hat. En Drogentest war bei béide Männer positiv, esou datt de Fall zu Protokoll geholl gouf.
An der Woch vum 13. op den 19. Mee gouf et och Kontrollen am Kader vun der internationaler Roadpol-Campagne “Truck & Bus”. Am Ganze goufen aacht Protokoller geschriwwen.