"Si sote mer, et hätt een an der Direktioun eng nei Politik"
De Marc U. ass ee vun deene Clienten, déi sech bei RTL gemellt hunn, well se vun der ING informéiert gi sinn, dass si sech eng nei Bank misste sichen.
Mir hu mam Mann geschwat, dee 40 Joer laang bei der Bank war. "Wéi ech dat gewuer gi sinn, hunn ech probéiert unzeruffen, ma et ass keen op den Telefon gaangen. Du wollt ech an eng Agence goen, déi waren zou."
No villem Hin an Hier hätt de Mann dunn awer mat engem kënne schwätzen: "Si sote mer, et hätt een an der Direktioun eng nei Politik. Et kéint een net genuch Rendement mat mir maachen."
Vill opgereegte Clienten
De Marc U. ass net deen eenzegen, dee vun dëser Nouvelle iwwerrascht gouf. Och an de soziale Reseauen hu sech vill Leit geiergert a sech beschwéiert, iwwert d’Aart a Weis wéi d’Bank virgeet. Esou schreift eng Fra: "Ech sinn zanter 12 Joer Client, meng Paie kënnt drop an hunn e Spuerkont […] . Hunn elo all meng Suen erof geholl an d'clôture kënnen se selwer maachen."
All dës Leit sinn opgefuerdert ginn, hir Suen op eng aner Banken ze transferéieren. Vill Konte vu Privatcliente bei der ING ginn an den nächste Wochen zougemaach. Wéi vill Leit genee betraff sinn, goufe mer net gewuer.
D'Bank erkläert op Nofro just, dass si um Standuert Lëtzebuerg festhält, sech awer nei wäert orientéieren. Detailer sollen an enger Woch nokommen.
Op der Sich no enger neier Bank
De Marc U. kritt all Mount seng Pensioun op de Kont vun der ING iwwerwisen. Elo muss hie sech eng nei Bank sichen. "Ech hunn dat direkt um Freidegmëtten gemaach, do krut ech gesot, dass dat awer bis zu 3 Woche kéint daueren, well aktuell vill Leit dat wéilte maachen."
Mir hu mat e puer Persoune geschwat, déi sech am Bankesecteur auskennen, déi awer all wollten anonym bleiwen. D’Virgoe vun der Bank géif drop hindeiten, dass ee Clientë mat gerénger Rentabilitéit wéilt ofstoussen. Dat géif bedeiten, dass déi concernéiert Bank ëmmer méi private an direct banking wéilt maachen.
Schonn zanter e puer Joer ass d’Majoritéit vun den Agence nëmmen nach op Rendez-vous op. Am Joer 2023 hat d’ING ronn 1.000 Employéen am Grand-Duché. Wéi een Impakt déi rezent Entwécklungen op d’Zuel vun de Mataarbechter huet, goufe mer bis elo net gewuer. Fir Leit aus dem Secteur wier et awer warscheinlech, dass wann ee méi a Richtung grouss Cliente geet, ee manner Agence bräicht an deemno och manner Personal.