Brand op engem Schantjen zu WickrengSituatioun ass ënner Kontroll, Strooss huet zäitweis misse gespaart ginn

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg an der Mëttesstonn gouf et e Brand mat enger gréisserer Dampentwécklung zu Wickreng.
Un impressionnant incendie s'est déclaré à Wickrange
Un feu s’est déclaré sur un chantier situé à Wickrange, près de l’autoroute A4.

Feier zu Wickreng / Live vum Pierre Weimerskirch

Kuerz viru 14 Auer waren d’Ekippe vum CGDIS op d’Plaz komm, fir d’Feier op engem Chantier an der Route des Trois Cantons ze läschen. Vun hinne koum och d’Confirmatioun, datt Isolatiounsmaterial op engem vun den Diech Feier gefaangen hat. D’Feier war wuel um Daach vum Gebai ausgebrach, mä zäitweis huet een och um Stack drënner misste kucken, datt d’Isolatiounsmaterial hei net och nach Feier fänkt.

Eng Schwieregkeet, déi sech hei gestallt hat, war, fir genuch Waasser op d’Plaz ze kréien. Géint 15 Auer haten d’Rettungsekipp de Brand dunn ënner Kontroll a quasi aus. Et géif een awer nach op der Plaz bleiwen, fir ze verhënneren, datt de Brand nach eng Kéier ausbrécht, heescht et op Nofro vum CGDIS.

Direkt am Ufank vum Brand koum vun der Police den Appell, dass d’Leit, déi an der Ëmgéigend wunnen a schaffen, wéinst der staarker Dampentwécklung d’Fënstere sollen zouloossen.

Wéinst dem Feier war dann och de Bauer, deem seng Kéi direkt nieft dem Chantier an enger Wiss stoungen, op d’Plaz komm, fir seng Béischten ze evakuéieren.

Wéinst dem Feier an den Aarbechte vun de Rettungsekippen huet d’Strooss missten zäitweis gespaart ginn, géint 15.40 Auer ass se nees fir den Trafic opgaangen.

Back to Top
CIM LOGO