
An der Gemeng Jonglënster gouf an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg an d’Schoulgebai Jean-Pierre Welter agebrach, an deem aktuell Renovéierungsaarbechten amgaange sinn.
Wéi d’Gemeng an engem Post op Facebook schreift, wier et ënner anerem zu enger Iwwerschwemmung am Gebai komm, well d’Offlëss vun de Lavaboe “mat Pabeier verstoppt an d’Krinn opgedréint a lafe gelooss” goufen. Donieft kann een op de Fotoe gesinn, datt Dieren a Mauere mat Graffiti besprayt goufen an och soss Chaos a Knascht hannerlooss gouf.
D’Gemeng Jonglënster sicht Zeien oder soss Leit, déi eppes Verdächteges gesinn oder bemierkt hunn. Si solle sech bei der Jonglënster Police ënnert der Nummer 244 74 1000 oder per Mail op police.ERNZ@police.etat.lu mellen.