
Do hätt de Lëtzebuerger Finanzminister dem Chef vun der Bank kloer gesot, datt hie sech eng “kloer Kommunikatioun” an och eng “uerdentlech Solutioun” fir déi betraffe Clientë géif erwaarden.
Och d’CSSF, déi jo fir d’Surveillance vum Bankesecteur zoustänneg ass, géif ganz genee dorobber kucken, esou de Gilles Roth weider.
An de leschte Wochen hate verschidde Clientë vun der ING e Bréif kritt, datt hir Konten zougemaach géife ginn. D’Bank hat op Nofro matgedeelt, datt een zwar um Standuert Lëtzebuerg géing festhalen, mä datt ee sech am Grand-Duché nei orientéiere wéilt.
Datt eng Bank hire Clienten einfach ouni Justifikatioun ka kënnegen, ass an de Kontrakter festgeluecht, hat de President vum Konsumenteschutz Nico Hoffmann an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun” confirméiert.