ZeienopruffBushaischen tëscht Boxer a Rëmeljen gouf Affer vu Vandalismus

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 23. Mee géint 20.20 Auer an dem 24. Mee ëm déi selwecht Zäit, gouf e Bushaischen tëscht Boxer a Rëmeljen muttwëlleg beschiedegt.

Ënnert anerem goufe 7 vun den am ganzen 9 Fënstere futtigeschloen.

Vun der Police ass et an deem Zesummenhang den Opruff, dass eventuell Zeie sech beim Policebüro zu Ëlwen solle mellen, dat via Telefon op der Nummer (+352) 244 87 100 oder E-Mail u police.troisvierges@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO