
Géint 8.25 Auer e Méindeg de Moien ass et an der Route d’Esch an der Stad zu engem Accident komm. Wéi am Bulletin vum CGDIS steet, hu sech hei zwee Busser ze pake krit. Eng Persoun ass blesséiert ginn. Op der Plaz waren d’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad.
Zu Rodange an der Rue du Clopp koum et um 16.43 zu engem weideren Accident mat engem Bus, hei war en Auto an dëse gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Secouriste vu Suessem-Déifferdeng a vu Péiteng waren op der Plaz.
Um 15.48 Auer koum et op der Route d’Arlon zu Bruch zu engem Accident mat engem Blesséierten, bei deem en Auto an e Motorrad gerannt ass. Hei waren d’Ekippen aus der Stad, Lëntgen, Tënten, Béiwen-Atert a Miersch am Asaz.
E weidere Blesséierte gouf et dann nach um 16.34 Auer zu Housen am Happerfeld, wou en Auto mat enger Stroosseluucht kollidéiert ass. Ambulanz a Pompjeeë vu Klierf a vun Housen waren op der Plaz.