Geplangte Moderniséierung vu Strouminfrastruktur gëtt ënner d'Lupp geholl
"Dat hei ass keng Transit-Leitung fir duerch Europa, mee eng, iwwer déi mer an Zukunft, de Méi un Elektresch, dee mer brauchen, importéieren."
Den Energieminister ass formell: D’Land brauch dës Moderniséierung, ouni 380.000 Volt Héichspannung kréiche mer ferm Problemer. De Projet huet a senger Realisatioun en Impakt op 17 Gemengen, en Negativen op d’Natur.
Zënter e Sonndeg a bis de 6. Juli kann de Bierger sech d’Conclusioune vun den Etüden ukucken, déi den Ëmweltministère an Optrag ginn huet a gleeft een der Regierung, ginn d’Reaktiounen heirobber, wa se da pertinent sinn, och eescht geholl.
"Wa mer wëlle wuessen, ass dat hei e MUST" …eleng esou e gurmangsege Konsument wéi Google misst, kéim d'Firma dann, ferm gefiddert ginn. Ronn een Aachtel vum Lëtzebuerger Stroumkonsum vu virun 2 Joer wier da fort. "Mee dat ass jo fir eis, eis Wirtschaft, eise Wuesstem, fir eis Leit" an déi wiere vun Ufank u mat abezu ginn, erkläert de Lex Delles an insistéiert heirobber. Elo wier et eben um Bierger, den Experten, de Politiker a Creos ze soen, ob si mam Impakt, deen déi staark Stroumleitung mat hiren 380.000 Volt op Mënsch an Natur wäert hunn, kënne liewen. An hir Meenung géif och net just pro forma gefrot an am Tirang verschwannen, ënnersträicht den Energieminister an nennt d’Beispill vun der Biergerinitiativ vun Amber, déi sech géint en Tracé ze no bäi, wiert.
Nogelauschtert krute se effektiv, versprach awer näischt. Nodeems den Ëmweltministère d’Propose vu Creos auserneegeholl huet, kann elo och den normale Stierfleche sech d’Welt vun der Energie ukucken. Déi voluminéist Lëtzebuerger Ëmwelt-Impakt-Etüd wäert dat hei sinn an d’Conclusioune weise mam Fanger op d'Gefore fir d’Natur, utilité publique versus national Schutzgebidder. Esouguer deene wäert et u Pelz a Plomme goen, kréich den Amber Knäppche Potto a Kabel, kéint d’Zone jo iwwer e groussherzoglecht Reglement verréckelt ginn. Vläicht wier et pertinent, hei e Veto anzeleeën. Den Ëmweltminister Wilmes weist drop hin, dass Creos mat der Decisioun jo och weider Oplagen kréich.
PDF mat der topographescher Kaart
Op d’Fro, wéi eng vun deene sëllege Varianten dann elo déi bescht fir Mënsch an Natur wier, gouf et keng Äntwert. Op d’mannst wonneren, dierf ee sech do. Op alle Fall kruten der zwou en duebelen Check, wéinst hirer Komplexitéit. Déi eng leeft laanscht Amber, déi aner iwwer de Bierger Bierg.
75 Kilometer Leitunge kéimen ewech, de Steeseler Dall léist ee lénks leien, eng Verstäerkung mat manner Infrastruktur, mee prinzipiell géif net ënnerierdesch verluecht, well et méi kascht an duerch d’Schneis nach méi zerstéiert géif. E Jo zu nach enger Serie Treffe mat de Schäfferéit am Juni, mee a priori en Neen zu weideren Informatiounsversammlunge fir d’Bierger. Déi schwätze bis de 6. Juli, à voir...