Den éischte Schäffe vun Esch, de Pim Knaff huet en Dënschdeg den Owend de Porte-parolle vun de Parteien am Escher Gemengerot Erklärunge ginn.
Och en Dënschdeg den Owend blouf den Escher DP-Schäffe Pim Knaff fir d’Press onsiichtbar. Zanter, dass en Donneschdeg 30. Mee bekannt gi war, dass hien am Abrëll wéinst schwéierer Steierhannerzéiung verurteelt ginn ass, war vun him näischt méi ze héieren. Vun 18 bis 19 Auer huet hien zu Esch an der Gemeng de Porte-parolle vun de Parteien aus dem Escher Gemengerot op seng eegen Aluedung hin Ried an Äntwert gestanen.
Un eng Demissioun géing de Pim Knaff net denken, sot de Steve Faltz no der Reunioun.
“En ass déi ganzen Zäiten amgaangen, Saachen ze relativéieren”, stellt den LSAP-Politiker fest. D’DP géing permanent vun engem Feeler an der Comptabilitéit a vun enger Bagatell schwätzen. Mee am Jugement géing kloer dra stoen, dass et wëssentlech geschitt wier. Et wier kee Feeler, et wier eng Fraude fiscal aggravée, mat enger Verurteelung.
De Pim Kanff géing da keen Zesummenhang tëscht der Aktioun vun der Steierhannerzéiung an der Politik gesinn. “Mir gesinn deen awer massiv”, sou de Steve Faltz. D’LSAP fuerdert dowéinst de Récktrëtt vum Pim Knaff vu senger Funktioun als Escher Schäffen. D’Vertrauen an d’Politik wier massiv a Fro gestallt.
Mat der Fuerderung no der Demissioun ass hien awer net deen eenzegen. Och déi Lénk fuerderen dëst schonn zanter dem Bekanntgi vum Urteel. “Ech sinn enttäuscht iwwert dem Pim Knaff säi Choix, fir net ze demissionéieren”, huet de Marc Baum vun déi Lénk betount. De Choix, op sengem Posten ze bleiwen, wier net am Interêt vun der Stad Esch an net an deem vum Escher Schäfferot.
Eng Fro, déi sech elo nach stellt ass, wéi de Schäfferot elo wäert an Zukunft zum Pim Knaff stoen. Bis elo hätten sech d’Vertrieder aus der Koalitioun vun CSV an déi Gréng bedeckt gehalen. “Et ass ganz vill iwwert d’Privatpersoun Pim Knaff gaangen”, sou de Marc Baum. Dës kéint sech senger Meenung no vill erspueren, wa se sech elo géing zréckzéien.
“Ech hunn alles zur Kenntnis geholl. Ech deelen dat elo menger Ekipp mat”, huet de Pascal Bermes vun der CSV ënnerstrach. E Mëttwoch wäert den Escher Buergermeeschter Christian Weis dann am Numm vun der CSV kommunizéieren. Änlech zeréckhalend Téin vum Mandy Ragni. Déi Gréng hätten e Mëttwoch Sektiounssëtzung, wou een dat Ganzt wéilt beschwätzen an zäitno kommunizéieren.
De Vertrieder vun der ADR huet sech no der Reunioun och net zefridde gewise mat den Explikatioune vum DP-Schäffen. De Bernard Schmit huet net d’Demissioun vum Pim Knaff gefuerdert, awer datt dësen d’Urteel iwwert d’Medie verëffentleche soll.
Nach eng Kéier zu de Faiten
Bis elo schwätzt den DP-Schäffe Pim Knaff ëffentlech vun engem Feeler a senger Comptabilitéit als Affekot am Joer 2019.
Aus dem Urteel, dem Jugement sur accord, dee vun him ugeholl gouf, geet näischt zu senger Entlaaschtung ervir. D’net deklaréiere vum Montant wier “librement et consciemment”, also fräiwëlleg a wëssentlech geschitt, ass op Säit 14 vum Urteel ënnert dem Punkt “Elément moral” ze liesen.
Als Affekot, hätt hien seng Comptabilitéit esou ze féieren, dass d’Transaktioune korrekt erëmgi ginn. Mat dem net deklaréiere vum Akommes hätt hien sech onrechtméisseg Steiervirdeeler geschafen. Et wieren “intentionellement” also absichtlech manner Steier zu senge Gonschte bezuelt ginn.
Méi genee hat de Pim Knaff Honorairen aus enger Faillite, bei där hie Curateur war, net verstéiert. Dobäi handelt et sech ëm e Montant vun 109.249,49 Euro. Deemno huet hien 33,525 Euro Akommessteier an 16.142,94 Euro TVA net bezuelt, wat e Gesamtmontant vu bal 50.000 Euro mécht, déi net u Steier an Taxen bezuelt goufen.
Dass um Enn eng Amende vun 9.500 Euro festgehale gouf trotz fraude fiscale aggravée a kee Prisong, kënnt dohier, dass den Affekot keng Virstrofen huet.