Maacht de VerglachHutt Dir e gudde Salaire zu Lëtzebuerg?

Romain Van Dyck
Wat ass eigentlech e gudde Salaire? Vu wéini un ass een eigentlech räich a sinn d'Paien am Public wierklech esouvill besser ewéi am Privé?
© Envato - Wirestock

De Romain van Dyck aus der Redaktioun vun RTL Infos huet sech méi genee mat dëse Froen auserneegesat. Op Basis vun Donnéeë vun der Inspection générale vun der Sécurité sociale huet hien zwou Skale konstruéiert: eng fir d’Brutto-Paien am Privatsecteur an eng fir d’Brutto-Paien am Public.

Am Artikel op RTL Infos fannt Dir en Tool, mat deem Dir vergläiche kënnt, wéi héich Är Pai am Verglach mam Rescht vum Land ass.

Héich Paien am Secteur Public

Virop stellt ee fest, dass zu Lëtzebuerg déi héchste Salairen an der EU bezuelt ginn. De mediane Salaire (Dat ass dee Salaire, dee genee an der Mëtt vun der Skala läit), läit am Privé bei 4.235 Euro an am Public bei 9.378 Euro.

Et ass dann och de Constat, dass d’Fonction publique hei am Land ganz gutt bezuelt ass. 2024 verdénge bal 40 Prozent vun de Leit, déi am ëffentlechen Déngscht schaffen, 10.000 Euro oder méi de Mount.

D’Salairen am ëffentlechen Déngscht sinn zanter Ugangs zejoert dann och méi staark geklommen, ewéi am Privatsecteur. Wärend d’Hausse vun der medianer Pai am Public bei 10,3 % louch, sinn d’Léin am Privaten nëmmen ëm 6,3 % geklommen.

Wéini gëllt een zu Lëtzebuerg als räich?

Dës Fro ass net esou einfach ze beäntwerten. Dat virun allem, well et verschidden Definitioune vum Begrëff “räich” ginn. Eng, déi dacks applizéiert gëtt, ass déi follgend: “Eng Persoun gëllt als räich, wa si dat duebelt vum Median vun de Liewenskäschten an engem Land verdéngt.” Op Basis vun dëser Definitioun kuckt zum Beispill de franséischen Observatoire des inegalités, ob eng Persoun räich ass.

Op Lëtzebuerg applizéiert, géif dat bedeiten, dass een als räich gëllt, wann een op d’mannst 7.490 Euro netto de Mount verdéngt.

Back to Top
CIM LOGO