D'Finanzkapital dierf an der EU "näischt méi ze soen hunn"
De Kandidat vu "Mir d'Vollek" war Invité am Kader vun den Europawalen am Format "5 Froen un".
D'Beweegung "Mir d'Vollek" ass am Kader vun de Protester géint d'Coronamesuren entstanen, seet hire Kandidat fir d'Europawale Jean-Marie Jacoby, well "mir do en eklatante Mangel un Demokratie an och eng zouneemend Zensur och vu Säite vun der EU festgestallt hunn". Dës Zensur ass dem Jean-Marie Jacoby no och ëmmer méi schlëmm ginn.
Net géint d'EU, mä géint dës EU
Eng grondsätzlech Ännerung, déi "Mir d'Vollek" an der EU géif ustriewen, wier, datt d'Finanzkapital an der Europäescher Unioun "näischt méi ze soen huet, dass awer d'Leit eppes ze soe kréien, dass Direkt-Demokratie d'Plaz hëlt an dass d'EU sech net méi amëscht an d'Innepolitik vun den eenzele Länner". Der Beweegung no wier dat bescht, wann d'EU géif funktionéiere wéi d'Länner vun der BRICS. Et soll een zesummeschaffen am Interessi vum wirtschaftlechen Notzen, mä sech fir de Rescht net amëschen.
Mir d'Vollek steet fir "méi Matsproocherecht"
Dofir soll och den EU-Kommissiounspresident "kengerlee Mandat hunn, fir iergendengem eppes virzeschreiwen", esou den Invité. "An eist Ideal-Zil souwisou ass eng direkt Demokratie an der Politik an an der Wirtschaft. Do deet déi haiteg Struktur mat där viller Bürokratie vun der EU sech net erëmfannen."
Weider Theemen am "5 Froen un" waren d'Situatioun an der Ukrain an de Klimawandel.