Déidlechen Accident tëscht Fridhaff a Closdellt26 Joer al Fra bei Accident ëm d'Liewe komm

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend koum et zu engem déidlechen Accident op der N7 tëscht dem Fridhaff a Closdellt.

Wéi d’Police mellt, hätt eng Automobilistin, déi géint 18.30 Auer vum Fridhaff a Richtung Norden ënnerwee war, op der Héicht vun der Kräizung d’Kontroll iwwert hiren Auto verluer a wier doropshin op d’Géigespuer geroden. Do wier déi 26 Joer al Fra* säitlech an e Won, deen entgéint koum, gerannt. D’Fra wier nach op der Plaz un de Suitte vun hire Blessure gestuerwen. Déi dräi Passagéier vum zweete Won koume blesséiert an d’Spidol.

D’Streck gouf nom Accident fir den Trafic gespaart, dass de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police seng Aarbecht maache konnt.

*An enger éischter Versioun vum Policebulletin stoung nach, dass d’Fra, déi beim Accident ëm d’Liewe komm ass, 28 Joer al gewiescht wier. An enger spéiderer Versioun vum Bulletin gouf den Alter op 26 korrigéiert.

Back to Top
CIM LOGO