CGDIS-Bulletin6 Blesséierter bei 5 Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum 112 ware vun e Freideg op e Samschdeg 5 Mol wéinst Accidenter geruff ginn. Am Ganze goufe 6 Persoune blesséiert.
© RTL

Kuerz virun 18 Auer e Freideg sinn zu Housen op der Haaptstrooss en Auto an e Moto anenee gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert an huet misse vun de Rettungsdéngschter vun Housen versuergt ginn.

Zu Aasselbuer an der Burregaass ass et géint 21.30 Auer zu engem weideren Accident mat engem Blesséierte komm. D’Ambulanciere vun Ëlwen an d’Pompjeeë vu Wëntger waren am Asaz.

D’Rettungsdéngschter vun der Nordstad a vu Biissen waren iwwerdeem kuerz virun 1 Auer an der Nuecht geruff ginn, nodeems op der N7 tëscht dem Rouscht a Miersch en Auto an e Bus net laanschtenee komm waren. Hei waren zwou Persoune blesséiert ginn.

Zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe war et géint 1.23 Auer op der N16 tëscht Munneref an Elleng-Gare komm. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsekippe vu Réimech a Munneref versuergt.

D’Ambulancieren an d’Pompjeeë vun Esch waren iwwerdeem eng 10 Minutte méi spéit zu Esch-Uelzecht an der Rue Jean-Pierre Michels am Asaz. Och hei huet et tëscht zwee Autoe geknuppt an eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO