Auto krut Foussgänger ze pakenZeie gesicht no Accident zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend koum et géint 20 Auer an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu engem Verkéiersaccident.
© RTL Archivbild

Bei engem Zebrasträifen net wäit vun der Barrière bei der Diddelenger Gare gouf ee Foussgänger vun engem Auto erfaasst a verwonnt. D’Persoun ass op de Buedem gefall a koum liicht blesséiert an d’Klinik.

D’Police freet awer nach no Zeien, déi gesinn hunn, wéi den Accident genee geschitt ass. All Informatioun ass fir d’Diddelenger Police um (+352) 244 69 1000 oder per E-Mail op police.dudelange@police.etat.lu.

Iwwerfall zu Bech-Maacher

Da mellt d’Police och nach e brutalen Iwwerfall an der Route du Vin zu Bech-Maacher. Véier Männer hunn hei e männlecht Affer vum Scooter gezunn an him den Handy an och de Scooter geklaut. D’Affer gouf net verwonnt. Eng Sichaktioun ass negativ verlaf an Ermëttlunge goufe lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO