Enttäuschung bei dëse ParteienDéi Lénk, d'Piraten an d'Monica Semedo reagéieren op d'EU-Walen

Fanny Kinsch
"Ech sinn net frou iwwer d'Resultat." Dat sot d'Monica Semedo e Méindeg als Reaktioun op d'Europawalen.
Déi Lénk, d'Piraten an d'Monica Semedo reagéieren op d'EU-Walen
“Ech sinn net frou iwwer d’Resultat.” Dat sot d’Monica Semedo e Méindeg als Reaktioun op d’Europawalen.

Si hätt sech dem Wieler gestallt a si géif d’Resultat acceptéieren. Si war als Spëtzekandidatin fir Fokus matgaangen, ass awer net erëmgewielt ginn. Et misst een elo kucken, wéi et viru geet. Si hätt keng einfach 5 Joer am EU-Parlament gehat, ma si hätt sech fir hir Prioritéiten agesat.

Elo léisst si sech “iwwerraschen”, wou et higeet. Wéi et mat Fokus selwer weidergeet, geséich een e Méindeg den Owend. Et misst een d’Resultat verdauen an analyséieren.

Géint d’Monica Semedo leeft säitens dem EU-Parlament nach ëmmer eng Enquête wéinst Mobbing-Reprochen. Si hätt sech fir näischt ze veräntwerten, erkläert d’Monica Semedo. Villméi misst d’Europaparlament sech veräntwerten. Si hätte Plaidoirie virum europäesche Geriichtshaff ugefrot, ma leider wieren déi net virun de Walen ëffentlech ginn. Do wier dann och “d’Substanz vun de Virwërf” op den Dësch komm.

Si hätt eréischt en Donneschden nach e Bréif krut, an deem ee si drun erënnert hätt, sech net zu der aktueller Prozedur ze äusseren. D’Monica Semedo empfënnt dëst Schreiwes virun de Walen als “konstant Menace” an als Versuch, si ze intimidéieren. Dat géing si net acceptéieren a mat hirem Affekot iwwer rechtlech Schrëtt nodenken.

Reaktioun vun déi Lénk an de Piraten

Et sinn haart Zäiten fir sozial an ökologesch Iddien, dat stellen déi Lénk en Dag no den Europawalen an enger Reaktioun op de soziale Medien fest. Déi Lénk hu bei de Wale e Sonndeg ronn annerhallwe Prozent verluer a koumen op eppes méi wéi dräi Prozent. Déi Lénk schwätzen och vun engem Rietsruck. Och wann hei zu Lëtzebuerg d’LSAP bal zéng Prozentpunkte bäigeluecht huet.

Am RTL-Interview sot d’Kandidatin Tania Mousel: “An awer ass elo d’ADR déi éischte Kéier dobäi am Europaparlament. Mir denken och, datt warscheinlech e gewëssene Vote utile mat weider un d’LSAP gaangen ass an wou och déi Lénk an déi Gréng verluer hunn.”

Déi Lénk stellen och fest, datt méi wéi e Véierels vun de Wieler sech bei dëse Wale net ausgedréckt hätt. Dat wann ee kuckt, wéi vill Leit guer net wiele waren, respektiv wäiss oder ongülteg Bulletinen ofginn hunn.

D’Piraten sinn enttäuscht iwwert d’Resultat, dat si mat hirer neier Ekipp fir d’Europawale gemaach hunn. Si hu bal 3 Prozentpunkte verluer a si 5 Prozent vun de Stëmme gefall. Ma de Spëtzekandidat Raymond Remakel stellt awer och fest: “An all deene Gemengen, wou mir elo present sinn, hu mer e relatiivt gutt Resultat gemaach, do leie mer wierklech iwwert der Moyenne. An deene Gemengen, wou mer manner present sinn, do hu mer effektiv Stëmme verluer. Fir mech seet dat ganz kloer, mir musse nach méi buedemstänneg ginn. Mir musse nach méi bei de Leit sinn.”

Ma als kléng a relativ jonk Partei hätt een eben net déi nämmlecht Assise an de Gemengen, wéi déi Grouss.

Back to Top
CIM LOGO