SteierbedruchsaffärIwwerparteileche Kommitee soll Demissioun vum Pim Knaff fuerderen

RTL Lëtzebuerg
D'Affär ëm dem Escher Schäffe Pim Knaff seng Verurteelung wéinst Steierbedruch kënnt politesch net zur Rou.
© RTL Archiv

En Donneschdeg den Owend soll sech eng Zort iwwerparteileche Kommitee grënnen, den als Zil huet, d’Demissioun vum Pim Knaff am Escher Gemengerot ze fuerderen. Dat schreift d’Tageblatt, ouni awer ze nennen, wéi eng Parteie sech genee wëllen zesummendoen.

Eisen Informatiounen no soll et och net reng ëm Parteie goen, mä et wiere generell och onzefridden Escher ouni Parteikaart, déi net domadder averstane wieren, wéi d’Affär gereegelt gouf a gëtt.

Vun der lokaler CSV an hirem Buergermeeschter Christian Weis, wéi och vum zweete Koalitiounspartner Déi Gréng, krut de Pim Knaff jo d’lescht Woch de Réck gestäipt. Hie selwer wëll sech nach ëmmer net zu der Affär äusseren.

Back to Top
CIM LOGO