Donnerwieder a Knëppelsteng bis an d'Nuecht era gemellt

Den Himmel géint 21.40 Auer en Dënschdeg zu Housen. / © RTL
Meteolux huet fir en Dënschdeg vun 10 Auer un eng Alerte jaune erausginn. Bis no Mëtternuecht kann ee mat Schaueren, respektiv Donnerwiedere rechnen.
Den Dënschdeg de Moien huet mat engem Sonn-Wolleke-Mix ugefaangen an et blouf deels nach dréchen. Vun 11 Auer u koumen du vum Süden déi éischt Donnerwiederen an d'Land.
Am ganze Land ass och de Risk vun Wandspëtzte bis 75 Kilometer an der Stonn. Bis an d‘Nuecht era bleift de Risk vun zolitte Schliet, Knëppelsteng a Stuerm. Dat Ganzt bei schmeieren 23 bis 26 Grad.
De Meteorolog Jörg Kachelmann sot am RTL-Interview um Dënschdeg de Moien, dass déi aktuell Wiederlag "kéint" dozou féieren, dass et zu sougenannte "Superzelle" kënnt, dat sinn eenzel staark Donnerwiederen. Dës kënnen och knapp nërdlech oder südlech laanscht eis zéien, dat ass schwéier virauszesoen. Falls et eis awer trëfft, gëtt et séier ganz däischter um Himmel.
Et wier och méiglech gewiescht, dass en Tornado sech hätt kënne bilden. Dat heescht net, dass et dozou komme wäert, ma d'Méiglechkeet besteet, deemno wéi all d'Facteuren zesummespillen, esou de Jörg Kachelmann. Moies fréi ass een nach dovun ausgaangen, dass tëscht 12 a 15 Auer de gréisste Risk géif bestoen.
Donnerwiederen éischter wéi erwaart
De Reen an d'Donnerwiedere waren awer éischter un, sou dass et scho géint 11 Auer war, wou et geknuppt huet. No der Mëttesstonn huet et nees opgekläert an och d'Sonn ass sech nees weise komm.
Fir en Dënschdeg den Owend ginn dann déi nächst Donnerwiederen erwaart. Géint 14 Auer hat de Wiederradar vu Kachelmannwetter berechent, dass et tëscht 18 an 19 Auer nees zu Donnerwiedere wäert kommen, éier et sech géint 21 Auer nees wäert berouegen. Stand 22 Auer war et net zu weideren Donnerwieder komm ma Meteolux huet eng Wiederwarnung bis 3 Auer e Mëttwoch erausginn a warnt, datt et am Ufank vun der Nuecht zu Donnerwieder a Knëppelsteng kéint kommen.