Lëtzebuerg bleift traurege Champion an deem Beräich an der Eurozon

© Image Pixabay / Chronomarchie
Ëmmerhi 14,7% vun de Salariéeën hei am Land géingen an der Prekaritéit liewen.
Anescht gesot: 1 Salarié op 7 ass trotz festem Salaire aarm. Dat bedauert d’Chambre des salariés an engem Schreiwes vun en Dënschdeg de Moien.
Net méi spéit wéi d’lescht Woch hätt de Premier Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun nach gesot, dass d’Aarbecht ee Sécherheetsnetz fir d’Leit wier an, dass et sech misst lounen, fir schaffen ze goen. D’CSL kritiséiert, dass dat eben net de Fall ass. Am Ausland hätt sech den Taux stabiliséiert, mee am Grand-Duché wier den Undeel vun de "Working poor" tëscht 2017 an 2023 ëm 45 Prozent an d’Luucht gaangen.
D’Salariatskummer fuerdert dofir eng strukturell Revalorisatioun vum Mindestloun, Steiererliichterunge fir kleng Paien an, dass all d’Salaire bis bei de qualifizéierte Mindestloun keng Akommessteier musse bezuelen.