E Mëttwochowend zu ZolwerMotocyclist a Bäifuererin bei Accident mat Auto schro blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Mëttwoch den Owend zu Zolwer an der Déifferdengerstrooss zu engem Accident tëscht engem Moto an engem Auto.
Symbolbild
Symbolbild
© Pixabay

De Motocyclist an d’Fra, déi hannert him souz, goufe schwéier blesséiert. Si koumen no enger Éischtversuergung op der Plaz an d’Spidol.

Éischten Informatiounen no koum et zum Zesummestouss, wéi den Automobilist wollt an eng Afaart ofbéien an de Moto zäitgläich wollt iwwerhuelen. De Virfall gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO