D'Faite gi schonn op e Méindeg zréck an de Parquet ass mat enger Enquête amgaangen.

Wéi d'Police den Owend op eis Nofro hi confirméiert, hunn d'Beamte viru véier Deeg e Mann gemellt kritt, deen an der Rue Giselbert zu Märel nieft dem Campus Geesseknäppchen e mannerjäregt Meedchen approchéiert an um Aarm ugepaakt hätt. Leit ronderëm hunn dat an Uecht geholl an de Verdächtegen huet sech doropshin duerch d'Bascht gemaach.

D'Affer ass der Police no net blesséiert ginn. De Parquet gouf informéiert an huet eng Enquête lancéiert. Am offizielle Bulletin vun der Police um Freideg ginn dës Informatioune confirméiert, et geet een awer net vun engem Kidnapping aus.

Police weist Versioun op soziale Reseauen zréck

Op de sozialen Netzwierker war eng Warnung un d'Elteren zirkuléiert, déi vun zwee "alarmanten Tëschefäll" mat Schülerinnen nieft dem Campus Geesseknäppchen schwätzt an dozou oprifft, fir dat, wat geschitt ass, mat de Jonken ze thematiséieren an hinnen ze recommandéieren, sech baussent der Schoul op d'mannst zu Zwee ze deplacéieren. E Mann, dee mat engem Auto mat franséische Placken ënnerwee gewiescht wier, hätt probéiert zwee jonk Meedercher ze kidnappen, esou steet et an dësem Schreiwes.