
En déckt halleft Joer no de Chamberwale kënnt et zu engem weidere Changement um Krautmaart. Et ass de fréiere grénge Minister François Bausch, deen annoncéiert huet, fir säi Mandat als Deputéierten opzeginn, sou datt d’Djuna Bernard nees an d’Chamber kënnt.
Wéi et vum François Bausch heescht, wier et no 35 Joer am Déngscht vun der Allgemengheet elo un der Zäit, fir an d’politesch Pensioun ze goen an der jonker Generatioun Plaz ze maachen.
Den aktuelle gréngen Oppositiounspolitiker huet seng Decisioun och dësen Dënschdeg dem Chamberpresident Claude Wiseler schrëftlech matgedeelt, sou datt den 10. Juli seng lescht Chamberseance wäert sinn.
De François Bausch ass 67 Joer al a war wärend 10 Joer als Minister fir d’Mobilitéit, bannenzegst Sécherheet an Defense responsabel. Tëscht 2019 an 2023 war Hien och Vize-Premier an der blo-rout-grénger Regierung ënnert dem Xavier Bettel
1989 gouf de Stater Politiker, dee seng berufflech Karriär bei den CFL ugefaangen huet, eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt, dat nodeems hien dräi Joer virdrun bei Déi Gréng eng Parteikaart geholl hat. Tëscht 2005 an 2013 war hien och Stater Schäffen. Fraktiounschef war de Politiker tëscht 1999 an 2013, wéi déi Gréng dunn an d’Regierung koumen.
No de Walen am Oktober zejoert souz de François Bausch an der Oppositioun, dat nodeem déi Gréng mat 8,5 Prozent vun de Stëmmen nëmmen nach 4 Deputéiert stellen, 5 manner, wéi nach no de Walen 2018.
Bei de Walen 2023 war d’Sam Tanson am Zentrum op der grénger Lëscht Éischtgewielt. Eng 5.000 Stëmmen hannendrun louch de François Bausch, virun der Djuna Bernard an dem François Benoy.
D’Djuna Bernard ass Co-Presidentin vun der grénger Partei. Déi 32 Joer al Politikerin ass 2018 fir d’Sam Tanson an d’Chamber nogeréckelt a war dunn déi jéngst Deputéiert a Vize-Presidentin vum Parlament.
Zanter de Gemengewalen ass déi designéiert Nofollgerin vum demissionäre François Bausch och Conseillère am Mamer Gemengerot.
Nieft hirer politescher Karriär ass déi gréng Partei-Presidentin och an de Scouten engagéiert a war ënner anerem zwee Joer laang Presidentin vun der CGJL.
Well d’Madamm Bernard 2023 de Sprong an d’Parlament verpasst hat, huet Si dat lescht halleft Joer fir ARCUS an der Formation Continue vun Educatricen an Educateure geschafft.