Mat deels 130 km/h duerch d'DuerfMotorradschauffer leescht sech Course-poursuite mat der Police

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend huet eng Policepatrull op der Gare ee Motorradschauffer bemierkt, dee mat héijer Vitess laanscht d'Beamte gefuer ass.

Wéi sech erausgestallt huet, war de Moto net ugemellt. D’Beamten hunn d’Poursuite opgeholl, fir de Chauffer ze kontrolléieren. Deen huet d’Beamten awer ignoréiert an ass mat staark iwwerhéichter Vitess fortgefuer, dat a Richtung Esch iwwer d’A4.

Nodeems d’Beamten d’Gefier aus den Ae verluer haten, huet eng zweet Patrull de Moto allerdéngs nees op der A4 entdeckt. Antëscht war och nach ee Bäifuerer mat derbäi, wéi d’Police mellt. D’Beamten hunn d’Verfolgung nees opgeholl an de Motorradschauffer ass mat deels iwwer 130 Stonnekilometer duerch d’Dierfer gerannt. An enger Rei Kéieren huet hien och riskant iwwerholl an ass als Geeschterfuerer duerch de Rond-point zu Beetebuerg gefuer.

Zu Beetebuerg huet de Chauffer schliisslech méi lues gemaach, fir op ee privaten Terrain ze fueren. Deen Ament huet en awer d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass gefall.

Wéi d’Police de Mann du gestallt hat, huet sech erausgestallt, datt hien net nëmmen ënner Droge stoung, ma och kee Fürerschäin hat. De Moto war iwwerdeems och net verséchert. Souwuel de Chauffer wéi och de Bäifuerer goufe beim Accident just liicht blesséiert, ma si koume fir eng Kontroll an d’Spidol. De Moto gouf saiséiert an de Chauffer krut direkt wéinst enger Rei Verstéiss e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO