PortraitEstesch Premierministesch Kaja Kallas huet gutt Chancen op EU-Spëtzeposten

Pierre Jans
D'Kaja Kallas ass e Mëttwoch op Aarbechtsvisitt am Grand-Duché. D'Kaja Kallas soll nom Josep Borrell EU-Chefdiplomatin ginn.
D'Kaja Kallas bei engem EU-Sommet am Joer 2022.
D’Kaja Kallas bei engem EU-Sommet am Joer 2022.
© AFP/Archives/Ludovic MARIN

D’Premierministesch vun Estland huet gutt Chancen, en Donneschdeg vun den EU-Staats-a Regierungscheffen als Kandidatin fir en Top-Job an der Unioun confirméiert ze ginn.

De Pierre Jans mat engem kuerze Portrait vun der estescher Politikerin, déi e Mëttwoch hei zu Lëtzebuerg de Premier Luc Frieden an och de Grand-Duc Henri begéint.

Si steet op enger schwaarzer Lëscht a Russland, well si gëllt als eng vun de visibelste westleche Regierungscheffinnen zanter der russescher Invasioun vun der Ukrain. D’Kaja Kallas setzt sech zanterhier fir séier an effikass Hëllefe fir dem ukrainesche President Selenskyj säi Land an. Sanktioune géint Russland bréngt si aktiv mat op de Wee. De Kreml muss hirer Meenung no fir Krichsverbrieche responsabel gemaach kënne ginn.

Estland huet eng direkt Grenz mat Russland. D’Menace, wéi d’Ukrain och vum Putin sengen Truppen attackéiert ze ginn, spillt sécher eng Roll an hirer Politik. Ëmmerhin lieft eng grouss Minoritéit vu Leit mat russeschen Originnen an Estland.

An den Zäiten, wou Russland Estland méi wéi eng Kéier besat hat, hu Russen sech do néiergelooss. Este goufen a Sibirien deportéiert, esou och Deeler vun der Kaja Kallas hirer eegener Famill.

A sëllegen Interviewen huet si betount, hir kloer Positioun géint de vill méi grousse russeschen Noper, sollt den Este Courage maachen.

D’Kaja Kallas kënnt aus enger Famill vu Politiker. Hire Grousspapp an hire Papp hunn d’Land nohalteg beaflosst. De Papp Siim Kallas war Premierminister vun Estland an e puer Joer EU-Kommissär. Si selwer ass Affekotin a war och am Privatsecteur fir erneierbar Energie beschäftegt. 2011 gouf si an d’Parlament an Estland gewielt, duerno war si Europadeputéiert. Zanter 2021 ass si Premierministesch.

Ma elo waart dann en héicht Amt an der Europäescher Unioun. Déi Liberal Kaja Kallas soll EU-Chefdiplomatin ginn. De Premier Luc Frieden wäert si e Mëttwoch net méi mussen iwwerzeegen, fir en Donneschdeg um EU-Sommet fir si ze stëmmen. Hien hat schonn d’lescht Woch betount, hir wär mat der Top-Job-Konstellatioun von der Leyen, Costa a Kallas averstanen.

Back to Top
CIM LOGO