
Et ass eng Situatioun, déi wuel vill Leit kennen: Et weess ee schonn am Viraus, datt de Parkticket, deen ee geholl oder d’Parkauer, déi ee gestallt huet, vun der Dauer hier net duergoe wäert. Wann de Moment komm ass, geet een also nach eng Kéier bei den Auto an et hëlt een ee weideren Ticket, respektiv et dréint een d’Auer no. Ma dat ass awer net erlaabt. De Steve Hatto, Responsabele fir d’Agent-municipalle bei der Fédération Générale de la Fonction Communale (FGFC), erkläert op RTL-Nofro hin, datt een, esoubal déi maximal Parkdauer iwwerschratt ass, d’Gefier vum Parking réckele muss.
Am Code de la route ass awer weder präziséiert, wéi laang ee vum Parking eroffuere muss, nach datt ee sech net méi op déi selwecht Plaz stellen duerf. Dat heescht, et geet duer, kuerz vum Parking erofzefueren, iergendwou d’Kéier ze maachen a schonn duerf ee sech rëm op déi selwecht Plaz stellen. Den Hannergrond vun där Reegelung ass, datt an der Tëschenzäit een anere Chauffer, op d’mannst theoretesch, d’Chance hat, fir déi fräi Parkplaz ze huelen. Fréier stoung iwwregens am Code de la route, datt een d’Gefier ëm 100 Meter réckele misst, ma dat gouf an der Tëschenzäit awer gestrach.
Strof an Héicht vu 24 Euro
Wat d’Kontrollen ugeet, esou seet de Steve Hatto, datt et eng urban Legend wier, datt Agent-municipallen d’Pneue vun Autoen, respektiv Plazen um Buedem markéiere géifen. Ma mëttlerweil hätt awer jidderee vun de sougenannte Pecherten ee Smartphone a kéint also fotograféieren, wéi d’Gefier stationéiert ass. Datt Leit, déi den Auto net geréckelt hunn, einfach behaapten, dat awer gemaach an d’Gefier genee esou zeréckgestallt ze hunn, kéim éischter seele vir. D’Agente géinge bei hirer Aarbecht och gewëssenhaft virgoen.
Wat d’Strof ugeet, esou ass dat am Prinzip déi selwecht, wéi wann ee guer keen Ticket geholl, respektiv keng Scheif geluecht hätt, also 24 Euro. Wann ee manner wéi 30 Minutten iwwert der maximal erlaabter Parkdauer läit, gi just 12 Euro fälleg. Dem Steve Hatto no ginn d’Pecherten an deem Fall allerdéngs dacks d’Strooss weider erof a wa se dann erëmkommen, ass awer méi wéi eng hallef Stonn vergaangen. Ausname géifen an deene Stroosse gemaach, wou d’Leit hir Gefierer systematesch an där hallwer Stonn, déi iwwert der maximaler Parkdauer läit, ëmstelle ginn.
De “Chef vun de Pecherten” ënnersträicht awer och, datt d’Beamten dacks d’Gespréich mat de Chauffere sichen, an hinnen alternativ Parkingsméiglechkeete proposéiere géingen. Et sief och nach präziséiert, datt een, esoulaang déi maximal erlaabte Parkdauer nach net erreecht ass, den Auto net réckele muss an einfach ee weideren Ticket huelen däerf.