"Puren Opportunismus"Kritik vun de Pirate wéinst Verlängerung vu Klimabonus just bis Enn Juni

RTL Lëtzebuerg
D'Pirate kritiséieren, dass d'Verlängerung vun de Primmen am Kader vum sougenannte "Klimabonus Wunnen" just bis den 30.06 verlängert goufen.

Fir de Leit méi Sécherheet an hirer Planung ze ginn, wier et an hiren Ae méi sënnvoll gewiescht, d’Primme bis den 30. September ze verlängeren.

D’Pirate schwätze vun “purem Opportunismus”, well den entspriechende Vott fir d’Verlängerung bis September, dee si ugefrot haten, vun der Regierung ofgeleent gouf.

Dat obwuel de Premier an den Ëmweltministère selwer ugekënnegt haten, iwwert de de Summer e Projet op den Instanzewee ze bréngen, mat deem de Mesurë-Pak bis September géing verlängert ginn.

Am Schreiwes vun der Oppositiounspartei ass ze liesen: “Dëst ass keng Politik am Interêt vun de Leit, dëst ass kee Respekt virun der Aarbecht a Motivatioune vun den Oppositiounsparteien, dëst ass pueren Opportunismus op dem Réck vun eiser Bevëlkerung.”

De Piraten no géing net am Interêt vun de Leit séier an effikass geschafft ginn.

Back to Top
CIM LOGO