Wéinst dem WiederGréisser Verspéidungen op Fluchhäfe queesch uechter Europa, och zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der aktueller Wiedersituatioun mat plazeweis Donnerwiederen a Stuerm uechter Europa, kënnt et och zu Retarden an Annulatiounen zu Lëtzebuerg.
© RTL-Archiv

Um Lëtzebuerger Fluchhafe ginn et e sëllege Verspéidungen, souwuel bei den Departen, wéi och den Arrivéeën. Dat geet och alt mol bis zu 2 Stonnen. Verschidde Flich goufen och annuléiert, sou wéi dee vu 15 Auer op Hamburg, oder dee vun 18.40 Auer op Frankfurt, respektiv deen um 20 Auer op München.

Wann een um Flightradar kuckt, gesäit een, dass eng Partie Fluchhäfen vu gréissere Retarde betraff sinn. Dat geet vun Hamburg, iwwer Prag, Warschau, bis Wien, Budapest, Belgrad, Tirana, Tel Aviv oder Istanbul.

Op Nofro hi bei LuxAirport heescht et, dass déi aktuell Wiedersituatioun den Ausléiser vun dëse Verspéidungen ass. Et gi Plazeweis Donnerwiederen, respektiv vill Wand. Doduerch kënnen op deene Fluchhäfen d’Fligeren net mat Zäite starten. Annulatiounen heiheem kommen zustanen, well verschidde Flich da guer net bis heihinner kommen, an deemno och keng Maschinn hei ass, déi zeréck op hir Destinatioun ka fléien.

Et ass den Appell sech um Internetsite vum Fluchhafen iwwert eventuell Verspéidungen z’informéieren. Aktuell kéint een net soen, wéi d’Wiedersituatioun evoluéiert, a wéi laang sech d’Verspéidungen, respektiv d’Annulatiounen nach zéien.

Back to Top
CIM LOGO