No der uerdentlecher an ausseruerdentlecher Generalversammlung e Samschden de Moien am Domaine Thermal zu Munneref ass kloer, dass de fréiere President vum Verwaltungsrot, den André Heinen, d’Zepter net méi an der Hand behält. Hie gouf op déi 17. an domat leschte Plaz gewielt. Op déi éischt Plaz koum de Rol Girres, dono d’Nicole Arensdorf, d’Romance Scheuer an de Steve Melan. De fréiere Generalsekretär Yves Scharlé koum dann op déi 5 Plaz.
“Jo, enttäuscht sinn ech, ganz kloer”, sou den ofgewielte President direkt no der Reunioun. Ma vill aneres erwaart hätt hie sech net. D’Putschisten, wéi hien déi Leit aus dem Verwaltungsrot nennt, déi géint hie wieren, hätten eng “Géigenattack” gestart. Aus séchere Quelle wéisst hien, dass si hien déi lescht Woche bei de Mutuellen als “béise Männchen” duergestallt hätten.
D’Rechnung vun den 8 sougenannte Putschiste ronderëm de Gilbert Goergen schéngt also opgaangen ze sinn. Alleguerte goufe si nees an den neie Verwaltungsrot gewielt. Et wier zu engem Wiessel komm, deen der CMCM géif ganz gutt doen, sou de Gilbert Goergen. 5 vun 13 zukünftege Membere sinn also nei. Eng gutt Ausgangspositioun deemno fir de Gilbert Goergen. “Déi grouss Diskussioune ware ganz kloer d’Differenzen tëscht dem Här Heinen a mir selwer”, ënnersträicht dësen. Sou hätte Problemer net kënne geléist ginn. Fir dës aus dem Wee ze raumen, haten déi 8 Memberen aus dem Verwaltungsrot sech schonn Enn Februar getraff, fir de Gilbert Goergen als neie President vum Verwaltungsrot ze wielen. Den André Heinen war spéiderhi geriichtlech géint dës Ofsetzung virgaangen, dat ass nach an der Prozedur.
Eng grouss Divergenz tëscht deenen zwee dréit sech ëm de Personnage vum Generaldirekter vun der CMCM, de Fabio Secci. Mat dësem war de Gros vum Personal vun den iwwer 70 Leit, déi bei der Mutuelle schaffen, schonn 2020 net méi zefridden. An engem Bréif gouf him Gemauschels, Favoritismus an aner Forme vun Nepotismus reprochéiert. Enn Mäerz huet de Ministère vun der Sécurité sociale eng Denonciatioun gemaach, déi sech géint de Generaldirekter riicht an d’CMCM als méiglech Victime gesäit. “Wann et mir nogaange wier, wier de Fabio Secci scho laang net méi do”, sou d’Ausso vum André Heinen. Deem hätt hie probéiert, Rechnung ze droen. Ma ouni Succès.
Op där anerer Säit huet d’Majoritéit am Verwaltungsrot bis elo awer d’Hand iwwert de Generaldirekter gehalen. An engem Bréif vum Exekutivbüro den 1. Mäerz huet et geheescht: “D’Vertrauen an de President vum Comité de Direction bleift bestoen”. “Ech sinn elo net deen, dee seet, dat, wat an der Zeitung steet, muss gemaach ginn. Ma fir d’éischt schéngt mir elo emol den Dialog mam Personal ganz wichteg ze sinn, wa mer eis fonnt hunn”, seet de Gilbert Goergen. Wann de Conseil also opgestallt ass, misst ee kucken, d’Direktioun zesummenzekréien. Also déi Leit fannen, déi mat den neien Iddie wéilte schaffen. An da misst een herno kucken, wien de Generaldirekter wier.
D’Putschisten hätten d’Wal gewonnen a kéinte mat hirem grousse Manitou vun der CMCM weiderfueren, mengt de Raymond Wengler, fréiere Member vum Conseil, dee sech awer net méi opgesat hat. “Wann an engem Koup Äppel een ufänkt ze faulen, gehäit een en eraus. Ech hätt en erausgehäit. Et hätt ee sech kënnen am gudden eenegen”, sou de Raymond Wengler. Et kéint een eppes gutt wëllen, mee et misst engem och heiansdo geléngen. Hie gesäit schwaarz fir d’Zukunft vun der CMCM. “Mir hunn e Sträit dobausse mat den Assurancen. Wann een dat analyséiert iwwert d’Joren, dann ass deen haaptsächlech duerch de Fabio Secci zustane komm”, mengt den André Heinen. Et hätt een zum Beispill Publicitéite géint d’Assurancë gemaach, déi net an der Rei wieren. Dat wier net de Stil vun enger CMCM.
Souwuel de Gilbert Goergen, wéi och den André Heinen mengen awer, dass d’CMCM géing op engem gudde Fundament stoen. D’Personal géing formidabel schaffen an d’Memberen, also déi verséchert Leit bräichte sech keng Suergen ze maachen, betount den André Heinen. “Wann et esou weidergeet, wéi et den Ament amgaangen ass, hu mer nach maximal 5 Joer, dann ass d’CMCM net méi do”, fäert dogéint de Raymond Wengler. Hie mengt, dass dann d’CNS eventuell d’CMCM géing iwwerhuelen oder de Ministère géing eppes Neies mussen ausschaffen.
Fir d’Assemblée générale huet d’Press da musse wéi gewinnt virun der Dier waarden. Den neie Verwaltungsrot wëllt elo schonn den 3. Juli zesummekommen an eventuell schonn en neie President bestëmmen.