"Nee zu sexistesche Reklammen"Fraerot kritiséiert d'Publicitéitscampagne, Chambre des Métiers reagéiert

RTL Lëtzebuerg
An der Reklamm gesäit ee 5 Leit mat engem Géigestand am Grapp, dee fir e spezifesche Beruff soll stoen. D'Frae ginn hei mat Fön an Schnéibiesem gewisen.

“Nee zu sexistesche Reklammen”, esou ass e Communiqué vum nationale Fraerot iwwerschriwwen, an deem et spezifesch ëm eng Pub vun der Chambre des Métiers geet, fir d’Formatioun Brevet de Maîtrise.

An der Reklamm gesäit ee 5 Leit a roudem Kostüm mat engem Géigestand am Grapp, dee fir e spezifesche Beruff soll stoen. Dorënner 2 Fraen, déi ee mat engem Schnéibiesem respektiv engem Fön gesäit. Dat wier, sou den CNFL, eng kloer stereotypesch Duerstellung.

Déi 3 Männer goufen iwwerdeem mat engem iPad a mat Handwierksgeschier an der Hand duergestallt, dat d’Iddi géif renforcéieren an iwwermëttelen, dass och d’Männer traditionell maskulin Beruffer sollen ausüben. Hei géif sech den CNFL eng besser Representatioun, ouni Stereotyppe fir déi jonk Generatioun, wënschen.

De Sexismus wier omnipresent an der Publicitéit, bedauert den nationale Fraerot a rappelléiert, datt de Sexismus en illegalen Akt ass, dee sanktionéiert ka ginn. Zu Lëtzebuerg géifen awer am Allgemengen net vill Plainten a Punkto Diskriminatioun gemaach ginn. An deem Kader fuerdert de Fraerot d’Regierung op, eng Plainte beim Centre pour l’égalité du traitement an der Ethikkommissioun fir Publicitéit anzereechen.

Reaktioun vun der Chambre des Métiers

An enger Äntwert op d’Kritik reagéiert d’Chambre des Métiers en Dënschdeg am Nomëtteg an engem Communiqué. Heiranner betount een, dass bei der Publicitéit d’Beruffer am Vierdergrond stinn an net d’Persounen, déi se representéieren.

Dëst wier och de Grond, wisou d’Personnagen an der Reklamm uniform rout Kleeder mat Kaputzen unhunn. Niewebäi betount d’Chambre des Métiers weider, dass ee sech zënter Laangem schonn fir e positiven Image an Inclusioun am Handwierk géif staark maachen a sech och fir eng méi grouss Diversitéit an dësem Beräich asetzt.

De Communiqué vum CNFL am PDF!

Back to Top
CIM LOGO