Op eisem Tour vum Knuedler iwwer d’Plëss, duerch d’Groussgaass op den Aldringer begéine mer alles an allem zwou Persounen, déi mam Becher do sëtzen.

Sougenannt organiséiert Heescherten hätt hie scho méi laang keng méi am Eck gesinn, seet ee vun hinnen. Op der Theaterplaz stousse mer op e puer Sans-abrisen, déi sech dacks hei ophalen. D’Heescheverbuet hätt fir déi, déi einfach d’Hand oder de Becher ausstrecken, net vill geännert, erzielt eis den Dimitri Op der Beeck. Et géifen haaptsächlech Kontrolle gemaach ginn. Heiansdo géifen d’Heescheleit opgefuerdert fir ze goen. Organiséiert Heescheleit wären der manner do, esou de Mann, dee selwer op der Strooss lieft.

"Dir wësst, et ass eis virun allem ëm déi aggressiv Heescherei gaangen”, betount d’Stater Buergermeeschtesch op RTL-Nofro um Bord vun der Presentatioun vun der neier Lokalpolice. A weist sech ganz zefridde mam Resultat vum Verbuet fir zu bestëmmten Zäiten op definéierte Plazen an der Stad ëm Suen ze biedelen. “Ech kann do nëmme soen, datt dat wat d’Police vun Ufank vum Joer gemaach huet, dat wierklech vill vill besser ginn ass. Dat muss just weidergefouert ginn”, seet d’Lydie Polfer.

De Problem gouf verlagert, esou d’Kritik 

Aus engem anere Bléckwénkel gesäit dat de President vun der ASBL Médecins du Monde. Effektiv géifen hir mobil Ekippe feststellen, datt manner Mënschen am Stadzentrum heeschen, confirméiert den Dr Bernard Thill. A wann, da wäre se éischter eleng a se géifen d’Plaz méi dacks wiesselen. Et wär awer net, well een der manner geséich, datt den Aarmutsproblem geléist wär, ënnersträicht de Mann.  "Nee, d’Aarmut besteet weider. Déi Leit, déi och wa se net am Zentrum vum Land sinn, da si se sécher an anere Regiounen.” Bei Akafszentre beispillsweis, ergänzt den Dr Thill.

Och fir d’Stëmm vun der Strooss huet de Problem sech just verlagert. Am soziale Restaurant zu Hollerech ginn haut eng 370 Moolzechten den Dag zerwéiert. Am Dezember wären et der nach ëm déi 300 gewiescht, erzielen déi Responsabel. Och an d’Ettelbrécker Struktur kéime méi Leit.

De Widderstand vun den Awunner wär schonn ze spieren, seet den André Dübbers. Deen neie President vun der Stëmm vun der Strooss wëll méi kleng dezentraliséiert Strukturen uechter d’Land schafen, fir der Polemik aus dem Wee ze goen an esou weider repressiv Mesurë géint déi Schwächst an der Gesellschaft ze verhënneren.

Reforme sinn an der Maach 

Déi einfach Heescherei soll aus dem Strofrecht gestrach ginn, hat d’Justizministesch Elisabeth Margue annoncéiert. Den Inneminister Léon Gloden confirméiert, datt d’Reformen an der Maach sinn.

“D’Mendicité simple gëtt gestrach, d’Mendicité aggressive gëtt kloer definéiert. Mir wäerte mam "Platzverweis renforcé kommen. Mir sinn am gaang de Projet de loi vun der base legale vun de Policereglementer ze maachen.  
Sinn déi nei Gesetzer bis do, wäert d’Stad Lëtzebuerg hiert Reglement upassen, verséchert d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Si setzt grouss Hoffnungen op déi nei Lokalpolice. Och a Saachen Heescheverbuet a Platzverweis.
 
Ëm Hëllef froen ass ee Mënscherecht, dat kann een net verbidden. Esou d'Géigner vum deem ëmstriddene Verbuet, dat d’Stad Lëtzebuerg leschte Wanter agefouert huet. Zanterhier ass et zu bestëmmten Zäiten op definéierte Plaze verbueden ze heeschen. Bei engem Verstouss si Strofen tëscht 25 an 250 Euro virgesinn.

No enger Informatiounscampagne am Dezember, goung et am Januar an déi repressiv Phas. Bis Mëtt Abrëll war ee verstäerkte Police-Dispositiv vun der Police ënnerwee, fir Präsens ze weisen, d’Heescheverbuet an de Platzverweis duerchzesetzen. Am Ganze goufe 4 Protokoller wéinst Verstouss géint d’Heescheverbuet opgeholl.

Vu datt dee spezielle Police-Dispositif opgeléist ass, géifen dës Statistiken elo net méi spezifesch erhuewe ginn, sot den neie Generaldirekter vun der Police op RTL-Nofro.