E Freideg de Moie war et de Startschoss fir déi 41. Editioun vun der Foire Agricole.

Op iwwer 9 Hektar kënnen d'Aussteller aus dem Landwirtschaftssecteur nach bis e Sonndeg de Leit hir Aarbecht méi no bréngen. Um Freideg de Moie fréi war et awer fir d'éischt un de Schoulklassen, fir en Tuer iwwer d'Foire ze dréinen.

2.600 Schüler sinn hei a verschiddenen Atelieren ënnerwee, fir d‘Landwirtschaft kennenzeléieren. Déi goufe vun de Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren organiséiert. "Et ass einfach wichteg, dass mir de Kanner d'Landwirtschaft méi no bréngen, well si vläicht net vum Betrib kommen. Mir organiséieren dat Ganzt, fir dass si heihinner komme kënnen an hir Froe stellen".

 
D‘Ateliere sinn nach de ganzen Dag, also och fir Kanner mat hiren Elteren op. D‘Protester vun de Baueren uechter Europa hätten iwwerdeems bei der Organisatioun hei keng Roll gespillt.

D'Anne Dirksen, Organisatrice erkläert, et wier eng Foire, déi sech haaptsächlech u jonk Famillje riicht, an einfach de Leit d’Landwirtschaft méi no brénge wéilt. Et wier och eng Plaz, wou de Secteur ënnert sech an d’Gespréich komme kéint.
 
Op der Foire sinn dëst Joer iwwer 360 Exposante vertrueden. Alles steet ënnert dem Motto regional Produiten.
D‘Organisateure roden de Leit och mam Bus ze kommen, also op de Park and Ride um Karelshaff respektiv zu Ierpeldeng ze fueren an dann eng vun de gratis Navetten ze huelen.

Andréck vum 1. Dag vun der 41. Foire Agricole