
Meteolux huet en Dënschdeg eng Warnung erausginn, dat viru grousser Hëtzt am ganze Land a staarke Wiederen am Laf vum Owend.
Fir en Dënschdeg si Maximaltemperature vu bis zu 31 Grad gemellt, wat fir verschidde Leit potentiell geféierlech kéint sinn. D’Alerte Jaune gëllt fir dat ganzt Land tëscht 15 an 18 Auer.
Tëscht 19 a 4 Auer um Mëttwoch de Moie gëllt dann eng Alerte Jaune wéinst Donnerwiederen am ganze Land. Wandspëtzte vu bis zu 80 Stonnekilometer a souguer Knëppelsteng si méiglech.