
Wéi den 112 op hirem Facebook schreift, hätt sech e Wanderer op engem Trëppeltour zu Houschent um Bee blesséiert gehat. D’Persoun wier awer schwéier z’erreeche gewiescht, wouduerch och den Helikopter vun der Air Rescue zesumme mat enger Ekipp “Helitreuillage” vun der Spezialunitéit “Groupe de reconnaissance et d’intervention en milieu périlleux” (GRIMP) geruff gouf.
Zesummen hunn d’Rettungsekippen de Patient mat enger Seelwann aus der Loft aus gerett, éier de Mann an d’Spidol transportéiert gouf.