Wéi d’Police op Nofro hi confirméiert huet, ass hei e Linnebus iwwert e Rond-point gefuer, krut eng Verkéiersinsel ze paken a koum e gutt Stéck méi wäit un d’Halen, wéi de Bus an e Camion gerannt ass, deen do stationéiert war.
Wéi den Alain Weisgerber vum CGDIS erkläert, hätt de CGDIS kuerz virun 11 Auer eng Aläerte wéinst engem Accident tëscht engem Bus an engem Camion erakritt. Doropshin hätt een direkt gekuckt, fir déi noosten Ekippen esou séier ewéi méiglech op d’Plaz ze kréien. Den Alain Weisgerber huet weider präziséiert, datt eng 60 Pompjeeën, 15 Gefierer an dräi Rettungshelikopter op der Plaz waren. Dofir hat een extra um Parking vum Akafszenter an der Géigend e PMA opgeriicht, wou d’Leit behandelt konnte ginn, respektiv wou d’Dokteren direkt konnte kucken, wien als éischt an d’Spidol muss bruecht ginn. Si goufen op verschidde Spideeler opgedeelt.
Am Pressebulletin, deen d’Police e Freideg kuerz no 12.30 Auer geschéckt huet, ass vun 13 Persoune rieds gaangen, déi blesséiert goufen. Duerno huet de CGDIS en definitive Bilan geschéckt, dee vu 14 Blesséierten dorënner 2 méi uerg ausgeet. All d’Persounen, déi am Bus souzen, goufen also verwonnt.
De CGDIS war op der Plaz, fir sech ëm déi blesséiert Persounen ze këmmeren. Iwwerdeems huet d’Air Rescue matgedeelt, dass si ausnamsweis mat dräi Helikopteren am Asaz waren.
Op Uerder vum Parquet ass de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police op der Plaz. D’Streck ass den Ament fir den Trafic gespaart.